Sella Zoncolan

Vu Wikipedia
Déi beschiedegt Sculptur am Summer 2009
De Felice Gimondo op enger Plakat op der Streck

D'Sella Zoncolan och Sella Monte Zoncolan ass e 1.735[1] Meter héije Col an den Dolomitten, op der Provënzstrooss SP123, déi d'Verbindung tëscht Ovaro a Sutrio an der Provënz Udine mécht.

Opfaart[änneren | Quelltext änneren]

Westopfaart vun Ovaro aus:

D'Streck vun Ovaro, mat Ufank op der Kräizung mat der Staatsstrooss SS355, bis op de Col ass 10,2 km laang, an den Héichtenënnerscheed ass 1.210 Meter. Si ass mat enger Moyenne vun der Pente vun 11,5 % an engem Maximum vun 22 % eng vun de géisten an Europa. Op der Westopfaart gëtt et dräi schmuel Tunnellen déi zanter dem Passage vum Giro 2007 beliicht sinn.

Et war dat Joer déi zweet Kéier datt de Giro bei der 17. Etapp den 30. Mee iwwer de Col gefuer ass. Gewonnen hat de Gilberto Simoni.

Op der Streck fir op de Bierg sti laanscht Strooss Panneauen, déi un eng Parti vu grousse Coureuren erënneren, wéi den Alfredo Binda (km 0.5), Louison Bobet (km 1,0), Federico Bahamontes (km 1,5), Jacques Anquetil (km 1,9), Felice Gimondi (km 2,5), an Eddy Merckx (km 3,1).

Ostopfaart vu Sutrio aus:

Opfaart vu Sutrio aus, mat Ufank op der Kräizung mat der SS52Bis, ass 13,9 km laang an et geet 1.163 m mat enger Moyenne vu ronn 9 % biergop. Vun der Ostsäit aus ass d'Pente ganz onreegelméisseg. Op den éischten aacht Kilometer gëtt et Maximume vun 13 %. Duerno kënnt ee relativ flaachen Deel vun 1,5 km. Op de leschte Kilometere variéiert d'Pente tëscht 13 % an 20 % mat engem kuerze Stéck vu 27 %.

An der 12. Etapp vum Giro 2003, déi och vum Simoni gewonne gi war, stoung d'Sella Zoncolan fir d'éischt Kéier um Programm vum Giro.

Um Col steet eng metalle Skulptur déi bei Geleeënheet vum Giro 2007 ageweit gouf, an eng Éierung fir all Cyclist soll sinn deen iwwer de Col fiert. Leider ass déi Skulptur schonn dat Joer duerno staark duerch Schnéi- an Äisdrock beschiedegt an ëmgedréckt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sella Zoncolan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten[Quelltext änneren]

  1. 1.735 Meter ass d'Héicht op der Strooss, de Bierg selwer, de Monte Zoncolan ass 1750 Meter héich