Sender Feldberg

Vu Wikipedia
Ale Fernseetuerm
Neie Fernseetuerm

De Feldberg gëtt zanter den 1950er Joren als Plaz fir ee Sender fir Radio an Televisioun benotzt. Dofir huet den deemolege Südwestfunk op 8°01'20" ëstlecher Längt a 47°51'52" nërdlecher Breet beim Seebuck ee 75 m héije Fernseetuerm mat enger Aussichtsplattform op 36 m, opgeriicht.

Dësen Tuerm war awer an der Lescht den Ufuerderunge vun der neier Technik net méi gewuess soudatt den SWR, 2003 een neien 82 Meter héijen Tuerm aus arméiertem Bëtong op der Spëtz vum Feldberg opgeriicht huet. Dat konnt nëmme geschéie well d'NATO d'Plaz wou si eng Richtfunkanlag bedriwwen huet, geraumt huet.

D'Gemeng Feldberg huet sech gewiert wéi deen alen Tuerm sollt ofgerappt ginn, an dofir kann en elo nach ëmmer als Aussiichtstuerm benotzt ginn.

Vum neien Tuerm send den SWR seng Hörfunkprogrammer op UKW mat all Kéier 5 KW: SWR1 Baden-Württemberg (89,8 MHz), SWR2 (97,9 MHz), SWR3 (93,8 MHz), SWR4 Baden-Württemberg (104,0 MHz) an um Kanal 12B mat 500 Watt d'DAB-Programmer vun Digital Radio Südwest. An da gëtt och nach Das Erste um Kanal 8 mat 100 kW gesent.

De Sender send a grouss Deeler vu Südbaden an e kann a ville Gebidder an der Nordschwäiz empfaange ginn.