Seniorekaart

Vu Wikipedia
Seniorekaart (Modell 2008)

D'Seniorekaart war e Joresabonnement fir eeler Leit fir den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.

D'Seniorekaart gouf den 1. Juli 2007 am Kader vun enger Ännerung vun der Lëtzebuerger Tarifunioun am ëffentlechen Transport[1] agefouert. D'Kaart huet den eelere Leit vu 60 Joer un d'Méiglechkeet gi fir bannent engem Joer onbegrenzt all Zuch- a Buslinnen zu Lëtzebuerg ze benotzen.

D'Kaart konnt bei den 3 Bedreiwer vum Persounentransport zu Lëtzebuerg (AVL, CFL, TICE) oder beim Verkéiersverbond bestallt ginn; se war mam Numm an der Foto vum Titulaire personaliséiert an huet zanter dem 1. Januar 2013 100€ fir ee Joer kascht[2].

Am Kader vun der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg den 1. Mäerz 2020 gouf d'Kaart ofgeschaaft[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Public transport tickets of Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Règlement ministériel du 12 juin 2007 fixant les tarifs des transports publics op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 8. November 2014.
  2. Règlement ministériel du 19 décembre 2012 fixant les tarifs des transports publics op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 8. November 2014.
  3. Bus, trains et trams gratuits à partir du 01/03/2020 op mobilitegratuite.lu