Senne (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Senne zu Rebecq.
D'Senne (op hollännesch Zenne), ass e belsche Floss, deen an d'Dijle leeft.
Der Senne hir Quell ass zu Naast, bei Soignies a si leeft iwwer 103 km duerch déi dräi belsch Regiounen: Wallounien, d'Haaptstadregioun Bréissel a Flandern.
Zu Bréissel, dat un hiren Uwänner entstanen ass, ass d'Senne zënter 1871 kanaliséiert an iwwerdeckt: D'Egoute vun Industrie an honnertdausende vu Leit hate se an eng sténkeg Britt verwandelt. Eréischt 2008 gouf eng Kläranlag ageweit, déi d'Ofwässer vun deene meeschte Bréisseler Gemenge gekläert an de Floss leet.