Sennen-Ballade

Vu Wikipedia
Sennen-Ballade
Film
Produktiounsland Schwäiz
Première 1996
Originalsprooch Schwäizerdäitsch
Ekipp
Regie Erich Langjahr
Dréibuch Erich Langjahr
Fotografie Erich Langjahr
Produzent Erich Langjahr
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Sennen-Ballade ass en Dokumentarfilm vum Schwäizer Regisseur Erich Langjahr. Den Ënnertitle ass Das Sennenleben der Familie Meile auf einer Alp im Säntisgebiet.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Dokumentarfilm beschreift en Deel vum Liewe vun der Bauerefamill Meile aus dem Toggenburgdall an der Schwäiz.

Am Juni ginn d'Kéi op d'Alm gedriwwen. Dräi Méint lieft de Bauer mat der Famill op der Alm. E versuergt seng Kéi, Geessen a Schwäin, mécht Kéis, asw. Am September ginn d'Kéi erëm an den Dall erofgedriwwen. An am Wanter lieft d'Famill am Dall.

De Film weist Biller déi och ouni Kommentar staark op den Zuschauer wierken.

Jorelaang huet de Langjahr Schwäizer Bauere gefilmt. Doraus ass no an no eng Trilogie vu Laangfilmer entstanen:

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Roman Vinkowski, Leipzigs Neue:

Bei diesem Hundert-Minuten-Film geniesst man jenes erotische Schauvergnügen, das einen unablässig bitten macht: Lass es jetzt nicht aufhören! Der bescheiden "Sennen-Ballade" genannte Film über die landmännisch-praktische und alemannisch-volkskünstlerische Arbeit einer Alpbauernfamilie ist in Wahrheit ein opulentes Filmepos über die Würde menschlicher Tätigkeit in respektvoll akzeptierter Natur.

Pierre Lachat, Filmbulletin:

Die grobe, schwielige Hand des Sennen, die die zerbrechlichen Kühlein und Hündchen aus weissem Holz zärtlich streichelnd zuschneidet, gehört zu den magischen Momenten. Wie die Teile der SENNEN-BALLADE - erst Frühling und Sommer, dann Herbst und Winter - einander bedingen, beleuchten, erläutern und erweitern, das hat schon lange kein Eidgenosse mehr mit soviel simpler Wirksamkeit zuwege gebracht.

Filmpräisser[änneren | Quelltext änneren]

  • Spezialpräiss vum Däitsche Bundesumweltministerium
  • "Mention spéciale" vum Jury vun der FIPRESCI beim 39. Internationalen Leipziger Dokumentarfilm Festival 1996