Septuaginta

Vu Wikipedia

D'Septuaginta (dat laténgescht Wuert fir siwwenzeg, och als LXX ofgekierzt) ass eng Iwwersetzung vum hebräeschen alen Testament vun der Bibel an d'algriichesch Alldagssprooch Koine. Si ass tëscht dem 3. an dem 1. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung zu Alexandria an Egypten geschriwwe ginn. Et ass déi eelst Iwwersetzung vum Alen Testament iwwerhaapt.

Der Erzielung no gouf déi Aarbecht op Uerder vum Kinnek Ptolemeos II. geschriwwen. Hie krut vu sengem Bibliothecaire Demetrios geroden, seng berüümt Bibliothéik vun Alexandria ëm eng Ausgab vun de jiddesche Gesetzer ze erweideren. De Kinnek huet beim jiddeschen héije Priister ëm Hëllef gefrot, dee jee sechs helleniséiert Iwwersetzer aus jiddwerengem vun den zwielef israeelesche Stämm op Alexandria geschéckt huet[1], déi d'Tora an 72 Deeg an d'Griichescht iwwersat hunn.[2]

D'Septuaginta war vun Ufank un d'Bibel vun der Kierch. Si gëtt am Neien Testament a vun de Kierchepappen zitéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Septuaginta – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Fouilloux Danielle, et a. Dictionnaire culturel de la Bible; nei iwwerschafft Editioun; Paräis (Perrin), 2005.
  • Heim Manfred, Von Ablass bis Zölibat - Kleines Lexikon der Kirchengeschichte; München (Verlag C.H. Beck), 2008 (Originalausgab).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 6 x 12 = 72, dohier de gebräichlechen Numm "70"
  2. Septuaginta (AT) um Bibelportal der Deutschen Bibelgesellschaft (gekuckt de 16. Oktober 2017)