Sergei Semjonowitsch Sobjanin
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Sergei Semjonowitsch Sobjanin (Сергей Семёнович Собянин), gebuer den 21. Juni 1958 zu Njaksimwol am Oblast Tjumen, ass e russesche Politiker.
Hee war ë. a. Generalgouverneur vum Ural-Gebitt a Chef vun der Presidialverwaltung ënnert dem Wladimir Putin. Zënter Mee 2008 ass hee Vize-Premier an zënter dem 21. Oktober 2010 och nach Buergermeeschter vun der Stad Moskau.
Perséinleches [änneren]
De Sergei Sobjanin ass mat der Irina Iossifowna Sobjanina (gebuere Rubintschik) bestuet. Déi studéiert Ingenieurin vun Tjumen huet eng eege Stroossebaufirma a lieft mat hirem Mann zu Moskau. Mat hir huet hien zwee Meedercher kritt, d'Anna (* 1986) an d'Olga (* 1997). Déi eelsten Duechter Anna lieft zu Sankt Péitersbuerg a mécht do eng Schauspillerausbildung.
De Sergei Sobjanin ass russesch-orthodox.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Sergei Sobjanin – Biller, Videoen oder Audiodateien |