Sergio Pininfarina

Vu Wikipedia
Sergio Pininfarina
Gebuer 8. September 1926
Turin
Gestuerwen 3. Juli 2012
Turin
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Entreprener, Politiker, Designer, Professer, Erfinder, Direkter
Famill
Kanner Andrea Pininfarina

De Sergio Pininfarina, gebuer als Sergio Farina den 8. September 1926[1] zu Turin an och do gestuerwen den 3. Juli 2012[2], war en italieeneschen Autosdesigner a Senator op Liewenszäit.

De Pininfarina ass virun allem bekannt fir den Design vun enger Rëtsch vu Modelle vu Ferrari. 1961 gouf de Familljennumm vu Farina op Pininfarina geännert, sou wéi d'Firma och schonn housch. Nom Doud vu sengem Papp, dem Battista "Pinin" Farina, 1966, gouf de Pininfarina Generaldirekter vu Carrozze Pininfarina.

Tëscht 1979 an 1988 war de Pininfarina als Member vun der italieenescher Liberaler Partei Member vum Europäesche Parlament. Den 23. September 2005 gouf e vum italiensche President Carlo Azeglio Ciampi (zesumme mam Giorgio Napolitano) zum Senator op Liewenszäit ernannt.[1]

Autoen, déi vun him gezeechent goufen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Säit op der Websäit vum Italieenesche Senat (it).
  2. "Former Ferrari car designer Pininfarina dies" 3 July 2012