Sergio Pupovac
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sergio Pupovac, och nach Serdo oder Serdjio Pupovac, gebuer de 5. Juli 1979 zu Argenteuil a Frankräich, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller mat serbeschen Originnen. E spillt an der Stiermerpositioun.[1]
Tëschent dem 5. September 2009 an dem 14. Oktober 2009 huet hie 5 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[2]
Vun 2001 bis 2005 huet hie fir d'Union gespillt, bis 2009 fir de Fusiounsveräin RFCUL, vun 2010 bis 2011 war hie bei der Jeunesse a vun der Saison 2011/12 un ass hie beim FC UNA Stroossen.