Serie 15 SNCB

Vu Wikipedia
Serie 15 SNCB
Nummeréierung: 1501-1505
Stéckzuel: 5
Constructeur: Elektrescht: ACEC vu Charleroi
Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles
Baujoer: 1962
Ausmusterung: 2008
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 77,7 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 17.750 mm
Héicht: 4265mm
Maximal Achselaascht
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
1,5kV Gläichstroum
25kV 50 Hz Wiesselstroum
Leeschtung: 2620 kW

D'Lokomotive vun der Serie 15 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi 1962 kaaft goufe fir mat den TEE Zich tëscht Amsterdam a Paräis ze fueren.

Si kënnen ënner der belscher, franséischer an hollännescher Catenaire fueren.

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Virun 1970 hat d'SNCB en anere System fir hir Maschinnen ze nummeréieren. D'1501-1503 houschen 150.001 - 150.003 an haten e Siemens Transformater, d'1504 a 1505 houschen 150.011 an 150.012 well se en ACEC Transformater haten. Den Transformater ass dat Stéck wat ënner Wiesselstroum d'Spannung vum Stroum aus der Catenaire an eng Spannung ëmwandelt déi de Motor verdréit. Bei den 15er sinn dat 1500 Volt Gläichstroum.
  • Am Joer 2000 war d'Ausmusterung vun der Serie decidéiert an d'Maschinnen aus dem reguläre Service geholl ginn. D'Elektrifizéierung vun der Streck Rivage-Gouvy mat 25kV 50 Hz Wiesselstroum an en akute Manktem u Lokomotive fir déi Spannung, huet d'Serie 15 nees op de Plang geruff. Bis Enn 2008 hunn d'Maschinnen d'P Zich tëscht Gouvy a Liers gezunn. Mat der Wirtschaftskris 2008 an dem Réckgang vum Giddertrafic sinn CFL 3000 fräi ginn an d'Serie 15 gouf fir den 12. Dezember 2008 aus dem Service geholl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCB Class 15 – Biller, Videoen oder Audiodateien