Serie 20 SNCB

Vu Wikipedia
Serie 20 SNCB
Nummeréierung: 2001-2025
Stéckzuel: 25
Constructeur: Elektrescht: BN an ACEC
Baujoren: 1975-1977
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Co'Co'
Déngschtmass: 110 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 19504 mm
Héicht: 4185 mm
Maximal Achselaascht 18,34 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
Leeschtung: 5150 kW
Lokomotiv 2023 an der Rangéiergare zu Montzen am Januar 2007

D'Lokomotiven aus der Serie 20 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi fir d'Traktioun vu besonnesch schwéiere Gidder- a Persounenzich konzipéiert goufen.

Déi éischt 15 Maschinne goufen 1975/1976 ausgeliwwert a spéider duerch 10 weider Maschinne komplettéiert. Bis haut gouf d'2020 als eenzeg Maschinn verschrott.

Technesches[änneren | Quelltext änneren]

D'20er sinn, a waren ëmmer schonn onzouverlässeg. Dat läit virun allem dorun datt vill nei Technologien an där Serie verschafft goufen déi eréischt duerch de Gebrauch ausgeräift sinn, a spéider an de Serien 21 an 27 benotzt goufen, fir déi Serien zu besonnesch zouverlässegem Material ze maachen.

D'20er duerfen net an UM ("Unité Multiple") gefuer ginn, well se eng sou grouss Leeschtung beim Ufueren hunn, datt de Risiko besteet datt d'Halterung tëscht der zweeter Maschinn an dem éischte Waggon brécht.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

  • Enn der 1960er Jore gëtt et bei der SNCB Pläng fir eng Lokomotive déi ënner de 4 Haaptstroumsystemer ka fueren. Et gëtt sech dunn awer decidéiert där Maschinne bei Alstom ze kafen. D'Pläng goufen doropshi fir eng Lokomotive fir 3000 Volt Gläichstroum ëmgeännert a bei BN an ACEC an Optrag ginn.
  • Well se eng fir déi Zäit immens Leeschtung vu 5150 kW haten, goufe se bal exklusiv am Giddertransport agesat. Well d'Haaptachs deemools Namouer-Lëtzebuerg war, goufen déi 25 Maschinnen zu Stackem bei Arel stationéiert.
  • Déi 22 éischt Maschinne vun der Serie goufe gréng ugestrach, wärend déi lescht 2 schonn am neie SNCB Look mat der gieler Sträif geliwwert goufen. Bis 1990 goufen dunn all d'20er nei ugestrach.
  • Bis Juni 2001 sinn et d'20er déi den Haaptdeel vun de Gidderzich op Lëtzebuerg bréngen. Och d'EuroCity-Zich an d'P Zich bis Lëtzebuerg an Arel ginn exklusiv vun den 20er gezunn.
  • Am Juni 2001 ännert sech dat, well d'Elektrifizéierung vun der Eisebunnsstreck Athus-Meuse ofgeschloss ass an de Giddertransport tëscht Namouer a Beetebuerg duerch CFL 3000 an SNCB T13 iwwerholl gëtt. D'20er gi gréisstendeels op Antwerpen iwwerfouert, fir déi schwéier Gidderzich tëscht dem Hafe vun Antwerpen a Montzen ze bespanen.
  • Mam Fuerplangwiessel am Dezember 2001 ginn d'EuroCity Zich tëscht Bréissel a Lëtzebuerg ofgeschaaft an duerch regulär InterCity Zich ersat.
  • Am Juni 2003 fiert den éischten InterCity J deen aus belschen M6'er Voiturë besteet. Fir de Fuerplang ze hale mussen 20er agesat ginn an eng Partie ginn dofir zeréck an den Depot op Stackem bruecht. Wéinst hirer Onzouverlässegkeet sinn d'20er bei den CFL net beléift an hiren Asaz gëtt dacks a Fro gestallt. Wéinst den Ëmbauaarbechte vun de Gleisanlagen an der Stater Gare an deen doduerch veruursaachten zäitweilege Kapazitéitsverloscht sinn d'CFL net frou datt d'SNCB se asetzt. Méi wéi eng Kéier blockéiert eng ausgefale Maschinn de ganzen Trafic a Richtung Belsch. Als Reaktioun dorop verléint d'CFL zwou 3000er un d'SNCB fir den Trafic op der Bréisseler Streck.
  • 2007 gouf, als Konsequenz vum Accident zu Zoufftgen, den Zuchsécherungssystem Memor II+ zu Lëtzebuerg obligatoresch. D'SNCB huet déi éischt siwen 20'er(2001-2007) nogerëscht. Si sinn als eenzeg haut nach um Lëtzebuerger Streckennetz zougelooss.
  • 2008 gëtt dat lescht Stéck vun der Streck Montzen-Oochen elektrifizéiert a vun do un duerch belsch 28'er befuer.
  • 2010 sinn d'20er nëmmen nach op den 3 EuroCity Zich tëscht Bréissel a Lëtzebuerg ze fannen. De Rescht vun de Maschinnen ass am Cargo Trafic oder op P-Zich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCB Class 20 – Biller, Videoen oder Audiodateien