Serie 11 SNCB
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Serie 11 SNCB | ||
|---|---|---|
| Nummeréierung: | 1181-1192 | |
| Stéckzuel: | 12 | |
| Constructeur: | Elektrescht: ACEC vu Charleroi Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles |
|
| Baujoer: | 1985-1986 | |
| Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
| Achsformel: | Bo'Bo' | |
| Déngschtmass: | 85 Tonnen | |
| Längt iwwer Puffer: | 18.650 mm | |
| Héicht: | 4220mm | |
| Maximal Achselaascht | 21 Tonnen | |
| Héchstvitesse: | 140 km/h | |
| Stroumsystemer: | 3kV Gläichstroum 1,5kV Gläichstroum |
|
| Leeschtung: | 3130kW | |
D'Lokomotive vun der Serie 11 sinn Elektroloke vun der SNCB déi 1985-1986 kaaft goufe fir mat den InterCity Zich tëscht Amsterdam a Bréissel ze fueren.
Si kënnen ënnert der belscher an hollännescher Catenaire fueren.
Bemierkungen [änneren]
- Am Géigesaz zu deene reschtleche Serië vun der SNCB fänkt d'Nummeréierung vun der Serie 11 bei 1181 un. Dat ass well nach bis Mëtt vun den 80er Jore bei der NS eng Serie 1100 mat 80 Lokomotiven ënnerwee war an et huet ee wëlle verhënneren datt et zu Verwiesselunge kéim.
- Bis 2007 war d'Serie 11 exklusiv op der InterCity B Verbindung tëscht Bréissel an Amsterdam ënnerwee. Hiert Enn op där Verbindung koum, wéi 2008 d'Héichvitessestrecken Antwerpen - hollänesch Grenz a Roosendaal-Amsterdam opgoungen an d'InterCity mat 160 km/h fuere sollten. Si goufen duerch d'Serie 28 an hollänesch Traxx Lokomotiven ersat.
- Zenter 2008 fënnt een d'Serie 11 an der Belsch op P Zich an dat virun allem am flammänneschen Deel vun der Belsch.
- D'Serie 11 huet eng markant Livrée am bordeaux-gielen. Et ass e Symbol datt d'Benelux Zich, wéi d'InterCity B och nach genannt ginn, e gemeinsame Projet vun der SNCB an der NS sinn. Bordeaux war Mëtt der 80er Joren d'SNCB Faarf, während d'NS nach haut mat gielen Zich ënnerwee ass.
- Si konnte vun den hollänesche Steierween aus gefuer ginn. Well d'Steierween haut net méi an d'Belsch kommen, an d'Serie 11 nëmmen nach seelen an Holland ass, huet deen Asaz u Bedeitung verluer.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: SNCB Class 11 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Elektresch Lokomotive bei der SNCB
Serie 11 - Serie 12 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 18 (Alstom)- Serie 20 - Serie 21 -Serie 22 - Serie 23 - Serie 25 - Serie 26 - Serie 27 - Serie 28 (Baume-Marpent) - Serie 28 (Bombardier) - Serie 29 (Baume-Marpent) - Serie 29 (Bombardier)