Serie 16 SNCB
| Serie 16 SNCB | ||
|---|---|---|
| Nummeréierung: | 1601-1608 | |
| Stéckzuel: | 8 | |
| Constructeur: | Elektrescht: ACEC vu Charleroi Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles |
|
| Baujoer: | 1966 | |
| Ausmusterung: | 2009 | |
| Achsformel: | Bo'Bo' | |
| Déngschtmass: | 82,6 Tonnen | |
| Längt iwwer Puffer: | 16.550 mm | |
| Héicht: | 4236mm | |
| Maximal Achselaascht | 20,6 Tonnen | |
| Héchstvitesse: | 160 km/h | |
| Stroumsystemer: | 3kV Gläichstroum 1,5kV Gläichstroum 25kV 50 Hz Wiesselstroum 15kV 16,⅔ Hz Wiesselstroum |
|
| Leeschtung: | 2780kW | |
D'Lokomotive vun der Serie 16 sinn Elektroloke vun der SNCB déi 1966 kaaft goufe fir domat op den Nopeschreseaue fueren ze kënnen. Si kënnen ënnert der belscher, franséischer, hollännescher an däitscher Catenaire fueren. Aus de Joren 1974 bis 1978 sinn Asätz op de Freccia del Sole Zich bis op Spiez an der Schwäiz bekannt.
Nodeems d'InterCity A, vun 2002 un, net méi bis op Köln gefuer sinn, huet d'Serie 16 hir Haaptleeschtung verluer a gouf bis zu hirer Ausmusterung, den 12.Dezember 2009, nach op P Zich tëscht Bréissel a Welkenraedt agesat.
Bemierkungen [änneren]
- Wéi schonns d'Serie 15 gouf d'Serie 16 an zwou Tranchë gebaut, erkennbar un den alen SNCB Nummere mat deene se virun 1970 ënnerwee waren. Fir d'1601 bis 1604 waren dat 160.001 bis 160.004, well si e Siemens Transformater hunn, an 160.021 bis 160.024 fir d'1605 bis 1608 déi en ACEC Transformater hunn.
- 1974 kruten d'1601 an 1602 zousätzlech e schmuele 15.000kV Pantographe montéiert, fir kënnen an der Schwäiz ze fueren. Bis 1976 si se bis op Spiez gefuer, bis 1978 nach bis op Basel. Zënterhier fuere keng SNCB Lokomotive méi an der Schwäiz.
- An den 1980er Joren huet Märklin, eng däitsch Firma déi fir hir Modellzich bekannt ass, d'SNCB gefrot ob se kéinten d'1601 an 1602 an där neier Memling Livrée usträichen. Déi markant Livrée am Groe mat bloen Dräiecker war d'Markenzeechen vun den EuroCity Memling déi an den 1980er an 1990er Joren um Krop vun enger Serie 16 tëscht Oostende a Köln ënnerwee waren. An der Tëschenzäit hu béid Maschinnen awer nees di normal SNCB Livrée am Blo-gielen.
- Och op Initiativ vu Märklin gouf d'1608 faarweg ugestrach mat enger gieler Nues. Hannergrond war eng Aktioun fir e gudden Zweck bei där Märklin Modeller vun der 1608 verkaf huet an de Benefice un d'"Fondation scientifique de l'hôpital des enfants Reine Fabiola" gaangen ass. Bis haut ass d'1608 esou ugestrach.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: SNCB Class 16 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
CFL: CFL 150/160 - CFL 1030 - CFL 1600 - CFL 1800 - CFL 2000 - CFL 2100 - CFL 2200 - CFL 3000 - CFL 4000 - CFL-Dosto - CFL Corail - CFL Wegmann - CFL 3600
SNCB: AR 41 - AM 80 - AM 96 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 20 - Serie 21
Serie 23 - Serie 27 - Voiture M6 - Voiture I6 - Voiture I10 - Voiture I11
SNCF: TGV - BB 15000 - BB 26000 - SNCF Corail
DB: Serie 181
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Automotrice · InterRegio m · InterCity J
Serie 11 - Serie 12 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 18 (Alstom)- Serie 20 - Serie 21 -Serie 22 - Serie 23 - Serie 25 - Serie 26 - Serie 27 - Serie 28 (Baume-Marpent) - Serie 28 (Bombardier) - Serie 29 (Baume-Marpent) - Serie 29 (Bombardier)