Serie 18 (Siemens) SNCB

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der vu Siemens gebauter Serie 18 SNCB. Fir déi vun Alstom gebaut Lokomotive kuckt wgl. Serie 18 (Alstom) SNCB.
Serie 18 (Siemens) SNCB
Nummeréierung: 1801-1860
Stéckzuel: 60
Constructeur: Siemens
Baujoren: 2007-2010
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 90 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 19580 mm
Héicht: 4279 mm
Maximal Achselaascht
Héchstvitesse: 200 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
25kV Wiesselstroum
1,5 Gläichstroum
Leeschtung: 6000 kW

D'Serie 18, och nach Siemens ES64U3 genannt, ass eng Serie vu 60 Lokomotiven déi d'SNCB den 12. Dezember 2006 bei der Firma Siemens bestallt huet. Eng Optioun fir 60 weider Maschinne war am Kontrakt virgesinn an Enn 2008 gouf eng fest Bestellung draus.

Zukënftege Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

D'Serie 18 ass als Lokomotiv fir de Persouneverkéier konzipéiert ginn, well een d'Serien 13, 20 an 23 ersetze well a sou d'Zouverlässegkeet an d'Pünktlechkeet ze verbesseren hofft.

Problemer bei der Homologatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Serie 18 ass en Deel vun der grousser Famill vun Tauruslokomotiven déi an Däitschland, Éisträich an Ungarn zanter laangem ouni Problemer lafen. D'Serie 18 ass awer déi éischt Lok vun der Famill déi ënner enger Gläichstroumuewerleitung, an dësem Fall der belscher 3000 Volt an der hollännescher 1500 Volt, funktionéiere soll.

Bei der Ausliwwerung, Enn 2007, huet d'SNCB du festgestallt datt déi nei Maschinnen ënner der Gläichstroumuewerleitung net sou funktionéiert hunn, wéi se sollten. Well Siemens, laut Kontrakt, fir Feeler bei der Homologatioun responsabel ass, hu se den Entworf missen iwwerschaffen an eng Strof bezuelen. Den éischten Asaz, dee fir 2008 geplangt war, huet misse verréckelt ginn.

Well Ufanks och net kloer war, wou de Problem genee léich, ass d'Produktioun vun de 60 nobestallten Maschinne bis op Weideres ënnerbrach ginn. Tëscht Januar 2009 a Summer 2010 huet Siemens d'Serie iwwerschafft an Tester um Terrain gemaach.(Am November 2009 zu Lëtzebuerg)[1]

Et loosse sech Parallelen zur Serie 13 zéien, déi och am Ufank grouss Problemer mat der Gläichstroumcatenaire hat an obwuel 1997 geliwwert, eréischt am Fuerplang 1999/2000 mat enger gewësser Reegelméissegkeet konnt fueren.

Am Ablack schéngen déi grondleeënd Problemer sou wäit geléist, an et konnt mat der Homologatioun ugefaange ginn. Well déi sech awer elo bal 2 Joer verspéit huet, huet et bis 2011 gedauert bis d'Serie 18 an den Asaz koum.[2] [3]

De 6. Juli 2011 huet d'Maschinn mat der Nummer 1801 den éischten InterCity A gezunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCB Class 18 (Siemens) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. http://www.rail.lu/materiel/sncb18siemens.html
  2. Archive copy Gearchiveerd op 2012-07-08. Gekuckt de(n) 2010-10-04.
  3. http://www.lesoir.be/actualite/belgique/2010-03-12/45-nouvelles-locomotives-de-la-sncb-inutilisables-758255.php