Serie 22 SNCB

Vu Wikipedia
Serie 22 SNCB
Nummeréierung: 2201-2250
Stéckzuel: 50
Constructeur: BN an ACEC
Baujoer: 1954
Ausmusterung: 2008
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 87 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18000 mm
Héicht: 3755 mm
Maximal Achselaascht 23 Tonnen
Héchstvitesse: 130 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
Leeschtung: 1740 kW

D'Serie 22 war eng Serie vu 50 elektresche Lokomotiven déi d'SNCB 1954 kaaft huet, nodeem e groussen Deel vum belschen Eisebunnsreseau nom Krich elektrifizéiert gouf.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Am Ganze goufen eng 200 Maschinne kaaft, opgedeelt op d'Serien 22, 23, 25 a 26. Et schwätzt een haut bei Maschinnen aus där Zäit, iwweregens net nëmmen an der Belsch, vun Albaumaschinnen (de: Altbauloks, fr: locomotives classiques). D'Serie 22 war déi éischt Generatioun vun där Famill Lokomotiven a gouf op Basis vun der Serie 121 gebaut, wat 3 Prototyppe waren déi ëm 1950 gebaut goufe fir den Developpement vun där grousser Serie ze preparéieren.

Nodeem déi éischt Maschinn am 1954 geliwwert gouf, goufe se op der Streck Lëtzebuerg-Namouer am Giddertransport, an awer och am Persounentrafic agesat. D'Pentë vun där Streck hunn eng gewëssen Traditioun opkomme gelooss, datt d'SNCB hir neist an domat stäerkst Maschinnen ëmmer fir d'éischt op Lëtzebuerg fuere gelooss huet. Et war am September 1956 eng Serie 22 déi deen éischten elektresch bedriwwenen Zuch op Lëtzebuerg bruecht huet.

Ufanks waren d'Maschinne vun der Serie 22, wéi och hir Schwëstermaschinnen aus de Serien 23, 25 a 26 mat enger grénger Livrée ënnerwee, wéi se deemools bei der SNCB gebräichlech war.

Mëtt der 70er Jore ginn se an der néier bloer Livrée mat der gieler Sträif ugestrach, parallel dozou ginn se fir de Betrib an enger Unité Multiple ekipéiert.

Speziell Modifikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Maschinne mat den Nummeren 2239 bis 2240 haten en drëtten Phare fir kënnen an Holland ze fueren..
  • Bei den Maschinne mat den Nummeren 2201, 2202, 2203, 2206, 2207, 2210, 2211 an 2220 haten eng Staang ënner der viischter Fenster déi giel ugestrach war. Beim Rescht vun der Serie war déi Staang blo.
  • Bei der Lokomotiv mat der Nummer 2202 goufen op der Sait zousätzlech Lüftungsausgäng agebaut. Déi Ausgäng sinn ab der Serie 23 serienméisseg.
  • D' 2228, 2229, 2230, 2232, 2235, 2236, 2237, 2244, 2248 an 2257 haten eng automatesch Kupplung a waren dowéinst haptsäschlech mat Persounenzich ënnerwee.
  • D' Lokomotiven 2247 bis 2250 haten extra breet Puffer well si d'Missioun haten am Schife Plang vun Léck-Guillemins erop op Ans, déi schwéier InterCity A an InterCity O ze stäipen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCB Class 22 – Biller, Videoen oder Audiodateien