Serie 27 SNCB
| Serie 27 SNCB | ||
|---|---|---|
| Nummeréierung: | 2701-2760 | |
| Stéckzuel: | 60 | |
| Constructeur: | Elektrescht: ACEC vu Charleroi Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles |
|
| Baujoren: | 1981-1984 | |
| Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
| Achsformel: | Bo'Bo' | |
| Déngschtmass: | 85 Tonnen | |
| Längt iwwer Puffer: | 18.650 mm | |
| Héicht: | 4220 mm | |
| Maximal Achselaascht | 21 Tonnen | |
| Héchstvitesse: | 160 km/h | |
| Stroumsystemer: | 3kV Gläichstroum | |
| Leeschtung: | 4150 kW | |
D'Lokomotive vun der Serie 27 sinn Elektroloke vun der SNCB déi an den achzeger Jore kaaft goufen.
Si si praktesch baugläich mat de Lokomotive vun der Serie 21. Den eenzege groussen Ënnerscheed ass hire Motor. D'Serie 27 huet eng Leeschtung vun 4.150 kW an d'Serie 21 huet 3.000 kW.
Am ganze goufen 120 Lokomotive bestallt, 60 fir all Serie.
D'Serie 27 gouf als Universallokomotiv bei der CFM/BN vun Nivelles bestallt an di éischt Maschinn gouf am November 1981 un d'SNCB geliwwert. Si kënne vun de Steierween vun den Typen M6-BDx an I11-BDx aus gefuer ginn. Well se dacks op Zich agesat ginn déi mussen ennerwëe gespléckt ginn, ënnert anerem den InterCity E, sinn d'Maschinnen 2740-2760 mat enger automatescher Kupplung equipéiert. Dat erlaabt et se an e puer Sekonnen un d'Steierween vun den M6 Voiturë oder eng aner Lokomotiv mat dëser Zort Kupplung unzekrämpen.
Bemierkungen [änneren]
- D'Maschinn mat der Nummer 2711 hält ablacklech de Weltrekord fir d'Traktioun vum längste Persounenzuch. Si huet 1991 70 Persounevoituren tëscht Gent an Oostende gezunn. Am Poste de Commande vun der Maschinn ass eng Plack ubruecht déi dorun erënnert.
- D'Maschinn mat der Nummer 2719 krut Mëtt der 1990er Joren e Pantographe vum Typ Faiveley agebaut a war fir e puer Joer am Stand ënnert enger 25kV 50 Hz Catenaire ze funktionéieren. Zil war d'Entwécklung vun der zukünfteger Serie SNCB 13/CFL 3000.
- D'2734 gouf als Testlokomotiv fir de belschen Zuchsécherungssystem TBL 2 benotzt a krut dowéinst eng Rei speziell Miesssapparater agebaut.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: SNCB Class 27 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
CFL: CFL 150/160 - CFL 1030 - CFL 1600 - CFL 1800 - CFL 2000 - CFL 2100 - CFL 2200 - CFL 3000 - CFL 4000 - CFL-Dosto - CFL Corail - CFL Wegmann - CFL 3600
SNCB: AR 41 - AM 80 - AM 96 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 20 - Serie 21
Serie 23 - Serie 27 - Voiture M6 - Voiture I6 - Voiture I10 - Voiture I11
SNCF: TGV - BB 15000 - BB 26000 - SNCF Corail
DB: Serie 181
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Automotrice · InterRegio m · InterCity J
Serie 11 - Serie 12 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 18 (Alstom)- Serie 20 - Serie 21 -Serie 22 - Serie 23 - Serie 25 - Serie 26 - Serie 27 - Serie 28 (Baume-Marpent) - Serie 28 (Bombardier) - Serie 29 (Baume-Marpent) - Serie 29 (Bombardier)