Serie 28/29 (Bombardier) SNCB

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Serie 29 (Bombardier) SNCB)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de vu Bombardier gebaute Serien 28 an 29 SNCB. Fir déi vu Baume-Marpent gebaut Lokomotiven, kuckt wgl. Serie 28 (Baume-Marpent) SNCB respektiv Serie 29 (Baume-Marpent) SNCB.
SNCB Serien 28/29
Technesch Daten: Serie 28 Serie 29
Nummeréierung: 2801-2843 2901-2905
Stéckzuel: 43 5
Constructeur: Bombardier zu Kassel
Baujoren: 2007
Ausmusterung: nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 85,0 t
Längt iwwer Puffer: 18.900 mm
Héicht: 4.380 mm
Héchstvitesse: 140 km/h
160 km/h op der HSL 4.
Stroumsystemer: 1,5kV Gläichstroum
3kV Gläichstroum
25kV 50 Hz Wiesselstroum
15kV 16,⅔ Hz Wiesselstroum
Motoren: 4
Leeschtung: 5600 kW

D'Lokomotive vun de Serien 28 an 29 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi tëscht 2008 an 2009 vun der SNCB bei der Societéit Angel Trains (haut Alpha Trains) geleast goufe fir domat op den Nopeschreseaue fueren ze kënnen. Et si Bombardier TRAXX Lokomotiven aus der Serie 186. Si kënnen ënner der belscher, franséischer, hollännescher an däitscher Catenaire fueren.

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Serien 28 an 29 goufe souwuel fir de Giddertransport, wéi och fir de Persounentrafic geleast. Hir Haaptachse, si mat Gidderzich, d'Streck Antwerpen - Montzen - Oochen- Köln an Antwerpen - Holland. Mat Persounenzich sinn s'op der Verbindung Bréissel - Amsterdam ënnerwee.
  • 2007 scho wollt d'SNCB Maschinne vun dësem Typ leasen, fir mat hinnen op der InterRegio s Verbindung ze fueren. Well d'Héichvitessestreck 4 schonn den neien europäeschen ETCS Zuchsécherungssystem huet an en Norëschte vun de Maschinnen deemools net méiglech war, huet d'SNCB op M6BDx Steierween an SNCB 13 Lokomotiven zeréckgegraff.
  • Haut hunn d'Serien 28 an 29 ETCS a komme mat den InterCity B op der LGV 4 an den Asaz. Den Asaz vun dëser Zort Lokomotive mat 160 km/h ass aussergewéinlech.
  • Virun 2008 hunn Gidderzich op der wichteger Ost-West Verbindung Antwerpen - Däitschland via Oochen, missen tëscht Montzen an Oochen vun Diesellokomotive gezu ginn, well keng Catenaire do war. Wéinst der Liberaliséierung vun den Eisebunnsreseauen hat d'SNCB Angscht datt privat Operateure kéinte bis op Antwerpen kommen an d'Gidder duerch Holland bis an Däitschland bréngen. Dowéinst huet d'SNCB 2008 d'Gidderstreck 24 Montzen - Oochen-West elektrifizéiert an d'Serien 28 an 29 fueren tëscht Montzen an Oochen Navetten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCB Class 28 (Bombardier) – Biller, Videoen oder Audiodateien