Serie 406 DB

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Serie 406 DB
En ICE 3MF an der Gare de l'Est zu Paräis
Constructeur Siemens / Bombardier
Spuerwäit Normalspuer (1435 mm)
Stroumsystemer 1,5 kV GS(=)
3 kV GS
15 kV 16,7 Hz WS(~)
25 kV 50 Hz WS
Achsformel Bo'Bo'+2'2'+Bo'Bo'+2'2' +2'2'+Bo'Bo'+2'2'+Bo'Bo'
Héchstvitesse 330 km/h (WS),
220 km/h (GS)
Zuchsécherungssystemer Sifa, PZB 90, LZB 80, ZUB 121, Integra-Signum, Krokodil, TVM 430, ATBL, Eurobalise
Pantographen 6 Stéck
D'Kabinn vum ICE 3MF; ënner der Blend vum Führerpult gesäit een d'Schiermer vum TVM.

D'Serie 406, ass eng ICE-Héichvitessramm vun der Deutsche Bahn. Et ass eng Multisytemvariant vum ICE 3 déi och nach ICE 3M oder ICE 3MF genannt gëtt. Den ICE 3 deen aus de Serië 403, 406 a 407 besteet huet en neit Undriffskonzept par Raport zu de méi ale Rammen. D'Serie 406 erreecht am regulären Déngscht an Däitschland 300 km/h, an a Frankräich 320 km/h.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Bei der DB Serie 406 gëtt tëschent dem ICE 3M an dem ICE 3MF ënnerscheet. Et handelt sech dobäi ëm technesch Ënnerscheeder.

ICE 3M[änneren | Quelltext änneren]

Den ICE 3M (M = Mehrsystem) ass d'Variant déi an Däitschland, Holland an an der Belsch agesat gëtt. Dofir ass den ICE 3M mat de länderspezifeschen Zuchsécherungssystemer ausgerëscht an ënnerstëtzt véier verschidden Eisebunnsstroumaarten. Vun de 17 Unitéiten déi kaaft goufen huet d'Deutsche Bahn der 13 an d'hollännesch Staatsbunne 4 Stéck.

ICE 3MF[änneren | Quelltext änneren]

Den ICE 3MF (MF = Mehrsystem Frankreich) ass eng Variant, déi technesch um ICE 3M baséiert an zousätzlech technesch sou ausgerëscht ass fir kënnen um franséischen Eisebunnsnetz ze fueren. Zanter dem 10. Juni 2007 fuere sechs sou Rammen tëscht Frankfurt a Paräis.