Sersch Sargsjan

Vu Wikipedia
Sersch Sargsjan
Gebuer 30. Juni 1954
Stepanakert
Nationalitéit Sowjetunioun, Armenien
Educatioun Staatlech Universitéit Jerewan
Aktivitéit Politiker, Militär
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

De Sersch Asati Sargsjan (Arm.: Սերժ Ազատի Սարգսյան), gebuer den 30. Juni 1954 zu Stepanakert, Nagorny Karabach, Aserbaidjanesch SSR, war vun 2008 bis 2018 Staatspresident vun Armenien.

De Sargsjan huet vun 1970 bis 1979 op der philologescher Fakultéit vun der Universitéit Jerewan studéiert, ënnerbrach 1972–1974 vum Militärdéngscht. Duerno gouf e Fonctionnaire vun der KPdSU an der Jugendorganisatioun Komsomol a senger Gebuertsstad Stepanakert (Xankəndi) an am Nagorny Karabach (=Biergkarabach). De Sargsjan huet sech an der Beweegung fir d'Onofhängegkeet vu Biergkarabach vun der Aserbaidjanescher SSR resp. vum Aserbaidjan engagéiert, war vun 1989 bis 1993 Chef vun de sougenannte Selbstverdeedegungsmilize vun der Republik Nagorny Karabach an zousätzlech vun 1990 bis 1993 Deputéierte an der Nationalversammlung (Parlament) vun Armenien.

Vun 1993 bis 2007 war de Sargsjan Verdeedegungsminister vun Armenien. Vum Mäerz 2007 bis den Abrëll 2008 war e Ministerpresident. Am Februar 2008 gouf en zum Nofollger vum Staatspresident Robert Kotscharjan gewielt.[1] Observateure vun der OSZE hunn d'Walen als fair analyséiert; de Géigekandidat Lewon Ter-Petrosjan huet awer zu enger Massemanifestatioun opgeruff, well d'Wale gefälscht gi wieren. Dës gouf den 1. Mäerz 2008 vun der Police mat Gewalt opgeléist.[2]

Den 9. Abrëll gouf de Sargsjan als Staatspresident vun Armenien vereedegt. Bei den armeenesche Presidentschaftswalen den 18. Februar 2013 gouf en erëmgewielt.[3] D'Mandat ass op zwéi Quinqennater limitéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sersch Sargsjan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.n24.de/news/newsitem_362273.html
  2. http://www.newsru.com/world/01mar2008/sd.html NEWSru.com: В Ереване полиция разогнала митинг оппозиции
  3. n-tv.de:Zwei wollen Präsident sein, 19. Februar 2013