Service d'aide médicale urgente
De Service d'aide médicale urgente, kuerz SAMU, gëtt et zu Lëtzebuerg zënter 1989 a Kooperatioun mam Ministère de la santé an der Protection civile.
De SAMU deplacéiert sech mam Auto oder mam Helikopter. D'Equipe vum SAMU besteet aus engem Dokter fir Anästhesie, engem (enger) Infirmier (Infirmière) an engem Chauffeur respektiv Pilot, ofhängeg vum Gefier. Beim SAMU Lëtzebuerg ass de Chauffeur Member vun de Beruffspompjeeën. Zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck sinn et just en Infirmier Anesthésiste an en Dokter déi erausfueren.
De SAMU gëtt entweder geruff vun der Equipe vun enger Ambulanz oder direkt vum 112 matgeschéckt, wann deen zoustännegen Operateur bei der Meldung um Telefon eraushéiert, datt déi Persoun an Nout medezinesch Betreiung brauch.
[änneren] SAMU um Buedem
De SAMU op véier Rieder erkennt een un der Opschrëft SAMU. Dëst Gefier nennt een NEF, en Notarzteinsatzfahrzeug. An dësen Autoe gi keng Patienten transportéiert, si déngen nëmmen dem Transport vu medezineschem Material an dem Personal. D'SAMU-Autoe sinn an der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Ettelbréck an deene Spideeler déi Déngscht hu stationnéiert.
Equipéiert sinn d'BMW X5 SAMU NEF mat folgendem Material:
- 2 Defibrillatoren/EKG vum Typ ZOLL CCT M
- 2 Perfusoren (Dual)
- Beotmungsapparat Dräger Oxylog 3000
- Noutfallrucksak mat Intubatiounsgeschier a weiderem
- Kapnometer
- Medikamenter
- Perfusiounen
- Waliss fir Chirurgesch Noutfäll
- Funk
- GPS
- GSM
[änneren] SAMU aus der Loft
D'Luxembourg Air Rescue stellt fir de SAMU véier Helikopteren. Si fléie vu Sonnenopgank bis Sonnenënnergank. Am Dag si si stationéiert zu Ettelbréck an an der Stad. All Fleck am Land kann esou theoretesch a manner wéi 8 Minutten erreecht ginn. Am Asaz si véier Helikoptere vum Typ McDonnell Douglas 900 Explorer. Dësen Typ vun Helikopter huet deen extrem grousse Virdeel, datt hannen net wéi üblech en Heckrotor sëtzt, mee eng Düüs. De Virdeel dora läit, datt wann ee mam Heck en Objet (zum Beispill eng Mauer) touchéiert, den Helikopter am Optimalfall manner Schued kritt wéi ee mat engem klasseschen Heckrotor. Am Helikopter selwer sinn op klengstem Raum EKG, Defi, Beotmungsapparat a Medikamenter verstaut. D'Helikopteren verfügen ausserdeem deelweis iwwert eng Seelwann déi dann zum Asaz kënnt, wann de Pilot keng Méiglechkeet gesäit ze landen. D'Helikoptere fléien awer net nëmme Primärasätz, dat heescht Rettungsasätz, mee och Sekundärasätz wéi Verleeungen, Transporter an sou weider.