Sexologie
Sexologie oder Sexuologie ass en interdisziplinärt a souwuel theoretescht ewéi och praktescht Wëssenschaftsgebitt, dat sech am spezielle mat der Erfuerschung vun der Sexualitéit, dem Geschlechtsliewen am wäiteste Sënn an all sengen Aspekten an Zesummenhäng befaasst. D'Sexologie begräift e sëllechen Disziplinen a Komponenten: Biologie, Anatomie, Genetik, Medezinalfuerschung a Medezin am Allgemengen, Psychologie, Soziologie, Pedagogie, Philosophie (Ethik a Moral) an och d'juristesch Branche.
An der Medezin ass d'Sexologie am Besonneschen fir d'Diagnostik an d'Therapie vu sexuelle Stéierungen, Krankheeten an Deviatioune relevant.
Bekannt Pionéier a Sexologe waren ënnert anerem de Carl Westphal, Sigmund Freud, Magnus Hirschfeld, Karl Giese, Alfred Kinsey.
|
|||
|
Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter |
| Commons: Sexology – Biller, Videoen oder Audiodateien |