Sezessiounskrich

Vu Wikipedia
D'Vereenegt Staaten 1864
blo: Uniounsstaaten ouni Sklaverei
hellblo: Uniounsstaat mat Sklaverei
rout: Konfederéiert Staaten.

De Sezessiounskrich oder Amerikanesche Biergerkrich war e militäresche Konflikt vun 1861 bis 1865 tëscht de Südstaaten; déi aus de Vereenegte Staaten ausgetruede waren, an déi sech als Konfederéiert Staate vun Amerika zesummegedoen haten, an den Nordstaaten, déi an der Unioun bliwwe waren.

D'Ursaach vun deem Krich war eng déif ekonomesch, sozial a politesch Divisioun tëscht den Nord- a Südstaaten, déi sech virun allem an der Fro vun der Sklaverei kristalliséiert huet an déi vun 1830 un ëmmer méi déif gouf. Als Reaktioun op d'Wal vum Abraham Lincoln zum President vun den USA - an dat obwuel hien nëmmen e moderéierte Géigner vun der Sklaverei war - sinn am Wanter 1860/61 déi meescht Südstaaten aus der Unioun ausgetrueden.

De Krich huet den 12. Abrëll 1861 ugefaange mat der Attack vun de Konfederéierten op de Fort Sumters a South Carolina, deen d'Unionisten net wollten opginn. De Lincoln huet all d'Staaten opgeruff, Truppen ze stellen, fir de Fort nees zeréckz'erueweren. Doropshin hu véier weider Sklavestaate sech der Federatioun ugeschloss, sou datt s'ewell zu hirer eelef waren. Déi éischt Doudeg gouf et den 19. Abrëll 1861 zu Maryland zu Baltimore am Maryland bei engem Opstand. De Lincoln huet geschwënn d'Kontroll iwwer d'Grenzstaate gewonnen, zum Deel, andeems en d'Legislateure vun deene Staate festhuelegeloss huet an d'Habeas corpus-Prinzip ausser Kraaft gesat hat. Hien huet ausserdeem eng Blockad um Mier opgestallt, wat d'Ekonomie vum Süde geschwächt huet. De Krichtstheater am Oste war 1861–62 ouni grouss Resultater. Am Hierscht 1862 huet e Feldzuch vun de Konfederéierten a Maryland (deen zu der Unioun gehalen huet) no der Schluecht vun Antietam, nees missen ofgebrach ginn. De Lincoln huet d'Emancipation Proclamation erausginn, mat där en d'Enn vun der Sklaverei als Krichszil festgeluecht huet. Am Westen huet am Summer 1862 d'Unioun de Konfederéierten hir Floss-Marin zerstéiert, an duerno engem groussen Deel vun de westlechen Arméie schwéier Verloschter zougefouert. D'Belagerung vu Vicksburg duerch d'Unioun, 1863, huet d'Konfederatioun um Mississippi an zwee gedeelt. 1863 koum et, wéi dem Robert E. Lee seng konfederéiert Arméi en Abroch an den Norde gemaach hat, zu der Schluecht vu Gettysburg. 1964 krut den Ulysses S. Grant de Kommando iwwer all d'Uniounsarméien.

Am Westen huet de William T. Sherman Atlanta eruewert an ass Richtung Mier marschéiert, woubäi en de Konfederéierten hir Infrastruktur ënnerwee zerstéiert huet. D'Unioun huet doropshin déi Konferéiert aus alle Richtungen ugegraff, wat zu der Belagerung vu Petersburg gefouert huet. Déo belagert konfederéiert Nord-Virginia-Arméi huet schlussendlech Richmond opginn, a sech zeréckgezunn, fir sech am Geriichtshaus vun Appomattox nei ze forméieren. Si goufen awer do vun den Unionisten ëmzéngelt. Dat huet dozou gefouert datt de Lee den 9. Abrëll 1865 virum Grant kapituléiert huet. Bis de Summer hunn all konferéiert Genereel sech erginn, déi lescht den 23. Juni 1865 am Texas.

Resultat an Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Et huet 12 Joer gedauert ier nom militäreschen Enn vum Krich déi ofgespléckt Staate sech nees am Kader vun der sougenannter Reconstruction der Unioun ugeschloss hunn. Déi wichtegst Suite war d"Stäerkung vun der der Zentralmuecht an dat definitiivt Ofschafe vun der Sklaverei an den USA, souwéi och de verstäerkten Ausbau vum Land als Industriestaat.

Den Amerikanesche Biergerkrich war mat ee vun den éischte Kricher, déi duerch d'Industrialiséierung geprägt waren: d'Eisebunn, den Telegraph, Dampschëffer a masseproduzéiert Waffe koumen a grousse Quantitéiten zum Asaz. Och d'Mobilisatioun vun ziville Fabrécken, Grouwen, Schëffschantercher, Banken, Transportreseauen a -mëttelen a Liewensmëttelversuergung fir d'Krichshandlungen huet hire Schiet op den Impakt vun der Industrialiséierung am Éischte Weltkrich virausgeworf.

Et war dee bluddegste Krich an der amerikanescher Geschicht, mat ronn 750.000 Zaldoten déi gestuerwe sinn, an enger net bestëmmter Zuel vun zivillen Affer. Enger Schätzung no si ronn 10 % vun alle Männer tëscht 20 a 45 Joer aus den Nordstaaten, an 30 vun alle wäisse Männer aus de Südstaaten tëscht 18 a 40 Joer, an deem Krich ëm d'Liewe komm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Giampiero Carocci: Kurze Geschichte des amerikanischen Bürgerkriegs. Der Einbruch der Industrie in das Kriegshandwerk, Klaus Wagenbach Verlag, Taschenbuch 281, Berlin 1997, ISBN 3-8031-2281-3.
  • Bruce Catton The Centennial History of the Civil War, Garden City, Bd.1 The coming fury 1961, Bd.2 Terrible swift sword 1963, Bd.3 Never Call Retreat 1965, Pocket Book 1967 (Stabdard-Wierk an den USA).
  • Shelby Foote: The Civil War. A Narrative, 3 Bde., New York 1958–1974, ISBN 0-7126-9812-4
  • Michael Hochgeschwender: Der Amerikanische Bürgerkrieg. Beck, München 2010, ISBN 978-3-406-56251-8.
  • Leah Ireland-Kunze: Der Bürgerkrieg in den USA. Militärverlag der Deutschen-Demokratischen Republik, Berlin 1989
  • Marcus Junkelmann: Der Amerikanische Bürgerkrieg 1861–1865, Weltbild, Augsburg 1992, ISBN 3-89350-355-2.
  • John Keegan: The American Civil War: A military history, dt.: Der amerikanische Bürgerkrieg, Rowohlt, Berlin 2010, ISBN 978-3-87134-668-2.
  • James M. McPherson: Battle Cry of Freedom. The Civil War Era, New York: Oxford University Press, 1988, ISBN 0-19-503863-0 (dt.: Für die Freiheit sterben. Die Geschichte des amerikanischen Bürgerkrieges, List, Berlin, ISBN 3-471-78178-1, och Weltbild Verlag, Augsburg 2000. Den Auteur krut de Pulitzer-Präis fir dëst Buch.)
  • Udo Sautter: Der Amerikanische Bürgerkrieg 1861–1865, Wissenschaftliche Buchgesellschaft Darmstadt, Darmstadt / Theiss, Stuttgart 2009, ISBN 978-3-534-21970-4 (WGD) / ISBN 978-3-8062-2232-6 (Theiss).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]