Sherburne Wesley Burnham
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sherburne Wesley Burnham, gebuer den 12. Dezember 1838 zu Thetford a gestuerwen den 11. Mäerz 1921 zu Chicago war en US-amerikaneschen Astronom.
Vun 1877 bis 1884 war hien Observateur am Dearborn-Observatoire zu Chicago, 1888 bis 1892 Astronom am Lick-Observatoire, duerno war hien Astronomie-Professer op der University of Chicago an Astronom am Yerkes-Observatoire.
Hien huet ronn 1.300 Duebelstären entdeckt, déi hien a säi „General catalogue of double stars“ (1906, 2 Bänn) agedroen huet.
1894 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.