Shere Hite

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Shere Hite ass de Pseudonym vun der Shirley Diana Gregory, gebuer den 2. November 1942 zu St. Joseph am US-Bundesstaat Missouri. Si ass e fréiert Model, déi et fäerdegbruecht huet, mat engem Buchtitel e grousse Mediecoup ze fabrizéieren. 1996 huet si déi US-amerikanesch Nationalitéit ofgeluecht, an déi däitsch ugeholl.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Shirley Diana Gregory, där hir Eltere sech dräi Joer no hirer Gebuert scheede gelooss hunn, gouf vum zweete Mann vun hirer Mamm adoptéiert a krut op déi Manéier de Familljennumm Hite. Op der Universtiy of Florida huet si Geschicht studéiert a mat engem Master of Arts ofgeschloss.

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Shere Hite: The Hite Report, 1976, MacMillan Publishing Co., Inc. , New York / Collier MacMillan Publishers, London

Däitsch Publikatiounen (eng Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hite-Report: Das sexuelle Erleben der Frau, 1977
  • Hite-Report: Das sexuelle Erleben des Mannes, 1981
  • Frauen und Liebe: Der neue Hite Report, 1987
  • Keinen Mann um jeden Preis, 1992
  • Hite-Report: Erotik und Sexualität in der Familie, 1994
  • Fliegen mit Jupiter, 1995
  • Report in eigener Sache. Mein Leben, Sex und Politik, 1996, Lübbe Verlag
  • Wie Frauen Frauen sehen, 1997
  • Sex & Business, 2000
  • Vom Stolz, eine Frau zu sein, 2003