Sichteleskop

Vu Wikipedia

E Sichteleskop ass e klengt Teleskop mat klenger Vergréisserung, dat parallel zu engem méi groussen Haaptteleskop montéiert gëtt. Et erliichtert wéinst senger schwaacher Vergréisserung an dem dowéinst méi grousse Siichtwénkel d'Opfanne vun engem Objet mam Haaptteleskop.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Celestron-Spigelteleskop (Aachtzëller) mat Sicher
Einfacht Sichteleskop 6 × 30
Sichteleskop (uewe lénks) an Telrad-Sicher op engem Amateurteleskop
8×50-Sichteleskop mat Amici-Prisma, illuminiertem Fuedemkräizokular a Schnellverschloss
Telrad-Sicher, Kucke vu lénks
Liichtpunktsicher; vu lénks gëtt gekuckt. Uewen am "Rouer" ass d'Glasplack.

Mat der Justéierschrauf gëtt seng optesch Achs parallel zu där vum Haaptrouer gestallt. Am Stralegank vum Sichojektiv ass meeschtens e Fuedemkräiz ugemaach, dat dës Justéierung an d'zentresch Astellung vum Himmelskierper erliichtert. Déi meescht Sicher sinn vum Typ Kepler-Teleskop, soudatt d'Bild op der Kopp steet. Fir astronomesch Zwecker stéiert dat net weider an ënnerléisst Liichtverloschter duerch Ëmkéiersystemer. E Amici-Prisma, dat e riicht a säiterichtegt Bild liwwert an en 90°-Abléck erméiglecht, erliichtert d'Orientéierung um Himmel.

Vergréisserung[änneren | Quelltext änneren]

Op Sichteleskopen sinn (wéi och op jiddwer Spektiv resp. Feldstiecher) Donnéeën iwwer d'Vergréisserung an d'Ëffnung. Sou bedeit 6 × 30 eng sechsfach Vergréisserung an 30 mm Objektivëffnung. Sichteleskopen mat 5 × 25 oder 6 × 30 sinn zwar heefeg, awer méi liichtschwaach; besser Resultater kritt ee mat engem 8 × 50-Teleskop oder méi. Bei Vergréisserungen vun 10× un, gëtt allerdéngs d'Opfanne vun Objeten ëmmer méi schwéier, well d'Gesiichtsfeld méi kleng gëtt, wärend eng gréisser Ëffnung keng Nodeeler (ausser méi deierem Präis a Gewiicht) huet. De Virdeel vun der gréisserer Ëffnung läit um bessere Liichtsammelverméigen an domat dem méi einfache Fanne vu liichtschwaachen Objeten. Bei Teleskope fir Amateurastronomen ass dofir véierfach bis maximal néngfach Vergréisserung normal.

Montéierung[änneren | Quelltext änneren]

Einfach Amateurteleskopen hu meeschtens nëmmen en onstabile Sicheteleskopr. Viraussetzung fir e problemfräie Gebrauch vum Sicher ass eng stabil Verbindung mam Teleskop. Fir keng Transportschied ze kréien, sollt de Sicher mat engem Schnellverschloss op enger um Teleskop festgemachter Adapterschinn verbonne ginn. Alternativ kann op dësem Adapter en anere Sicher oder eng Kamera installéiert ginn.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Zanter längerem si bal all astronomesch Teleskope mat Astellkreeser oder zouhuelend mat digitaler Usteierung versinn, soudatt de Sicher net méi sou dacks gebraucht muss ginn wéi fréier. Fir kleng Teleskopen oder mat klenger Vergréisserung (z. B. fir Satellittenobservatioun) geet souguer e Viséier am Sënne vu Kimme und Korn duer.

Alternativen[änneren | Quelltext änneren]

Speziell fir astronomesch Observatiounen an der Amateurastronomie gëtt et nach weider Astellhëllefen:

  • Den Telrad-Sicher
  • De "Rigel-Quick-Finder", een dem Telrad änlecht Instrument, allerdéngs mat nëmmen zwéi amplaz dräi Deelkreesser. Am Géigesaz zum Telrad-Sicher ass de Quick-Finder wäit manner géint Daubeschlag empfindlech, d'Deelkreesser hunn eng stufelos reguléierbar Pulséierfunktioun. Duerch dat klengt Eegegewiicht ass hie besonnesch fir Teleskope gëeegentt, bei deenen et op eng gutt Balance ukënnt (z. B. Dobson-Teleskope).
  • De Liichtpunktsicher ass identesch mat dem Reflexviséier, en Instrument, dat e Punkt op eng speziell Glasuewerfläch wërft. Duerch déi speziell Glasuewerfläch ass dat Rout vum Liichtpunkt gutt z'erkennen. Duerch de parallele Stralegank vun der Liichtquell (meeschtens eng LED, där hiert Liicht duerch eng Glasfaser gefouert gëtt) muss d'A net op den noe Punkt schaarfstellen, mä gesäit de Stär duerch d'"Kucklach" geneesou schaarf wéi de Liichtpunkt. Dës Aart vun Astellhëllef ass nëmmen hëllefräich bei Objeten déi een och mat bloussem A gesi kann. De Liichtpunktsicher ass awer no engem, eemolege Justage ganz prezis.

Speziell Liichtpunktsicher, wéi de "PDA-Sicher" kënnen no Wonsch och Zilkreesser oder Zilkräizer duerstellen.

  • Waasserwo mat Goto-Montéierung: Mat der Waasserwo gëtt d'Teleskop op den Zenit geriicht, soudatt d'Synchronisatioun vun der Goto-Montéierung ausreechend genee ass, fir e Stär sécher mat Haaptteleskop resp. Kamera ze treffen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]