Siddhartha Gautama

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Siddharta Gautama)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Siddhartha Gautama mat senge fënnef éischte Schüler

De Siddhartha Gautama, op Sanskrit सिद्धार्थ गौतम Siddhārtha Gautama, op Pali Siddhattha Gotama, gebuer ëm 563 v. Chr. zu Lumbini, a gestuerwe 483 v. Chr., huet als Buddha den Dharma geléiert a gouf domat zum Grënner vum Buddhismus.

Inhaltsverzeechnes

Nimm [änneren]

Siddharta, den ursprénglechen Numm, deen hie vu sengen Eltren krut, bedeit "dee säin Zil erreecht huet" oder "den erfëllte Wonsch". Siddhartha Gautama ass d'Sanskrit-Form vum Numm. Op Pali, der Sprooch vun den eelsten iwwerliwwerten Texter vum Buddhismus, heescht e Siddhattha Gotama. Gotama bezéiungsweis Gautama bedeit "Anführer vun der Häerd" oder och "gréisste Stéier".

Nieft der Bezeechnung als Buddha, deen "Erwächten", goufen dem Siddhartha Gautama och aner Éirennimm ginn, dorënner Tathagata (Sanskrit, तथागत, tathāgata, "dee sou dohinnergeluechten") a Shakyamuni (Sanskrit, शाक्यमुनि, śākyamuni, "de Weisen [aus dem Vollek] vun den Shakya").

Seng Kandheet a Jugend [änneren]

De Buddha ass ëm 563 v. Chr. zu Kapilawastu an nërdlechen Indien, dem haitegen Nepal, gebuer ënnert dem Numm Siddharta Gautama. Sai Papp Shuddhodana, Kinnek vum Vollek Shakya, a seng Mamm Mahamaya ware Member vun der Kshatriya-Kast.

Viru senger Gebuert soll den Siddhartha senger Mamm an enger Visioun a Gestalt vun engem wäissen Elefant erschéngt sinn. Hie gouf an enger Vollmoundnuecht zu Lumbini gebuer. Un dësem Dag gëtt haut a ville buddhistesche Länner d'Vesakhfest gefeiert, den héchste buddhistesche Feierdag, un deem een un dem Buddha seng Gebuert, säin Erwächen a senger Entrée zu Parinirvana geduecht gëtt. Dem Siddharta seng Mamm stierft 7 Deeg no senger Gebuert.

Kuerz no der Gebuert vervillfache sech d'Unzeechen dass de Kinneksbouf en ongewéinlecht Kand ass. Doropshi lued de Papp dräi Weiser op den Haff déi dem Siddharta seng Zukunft deite sollen. Si verkënnegen dass hien entweder e grousse Kinnek a Krieger oder e groussen hellege Mann gëtt, wann hie mam Leed vun dëser Welt a Beréierung kënnt.

De Siddharta kritt eng gutt Erzéiung an Ausbildung. Hie lieft während senger Jugend am Luxus, sou datt hie Krankheet a Leed net kennt. Mat 16 Joer bestit de Siddharta du seng Cousine, d'Prinzessin Yashodhara. Si hunn an engem Palais gelieft wou hinnen alles, wat si zum Wuelfille gebraucht hunn, zur Verfügung stoung, soudass de Siddhartha e just seele verlooss huet.

Den Denkwandel [änneren]

Mä mat der Zäit hat hie keng Freed méi u sengem Liewensstil, hie war onzefridden an onausgefëllt. Kuerz no der Gebuert vu sengem eenzege Jong Rahula ("Sonndeg-Planéit") verléisst hie säi Palais a wandert duerch d'Ëmgéigend. Sou léiert hie fir d'éischte Kéier d'Realitéit vum Liewen an d'Leed vun de Mënsche kennen. Der Legend no ass hien engem verkrëppelten ale Mann begéint, engem Kranken, engem Doudegen a schlussendlech engem Asket, de "véier Zeechen". Him ass et bewosst ginn, datt déi Realitéiten - Alter, Krankheet, Doud a Péng - onzertrennbar mam Liewe verbonne sinn an datt Wuelstand a Räichtum dogéint kee Bestand hunn. Sou huet hie beschloss e Wee aus dem allgemenge Leed ze sichen. Dofir huet e seng Famill verlooss an ass op d'Wanderung gaangen. Hien ass 29 Joer al, wéi sech d'Profezeiung erfëllt.

D'Sich no der Erwächung [änneren]

Hien huet ugefaangen d'Liewe vun engem Asket ze féieren. Dofir huet en d'yogesch Praxis an d'Meditatioun geléiert. Hie war de Schüler vun zwéi brahmaneschen Eremiten, dem Alara Kalama an dem Uddaka Ramaputta, déi gutt ugesi waren. Als éischt praktizéiert hien déi an Indien zu där Zäit verbreete Péng-Askes. Sechs Joer huet en am Dall vum Ganges verbruecht, mä hien huet weder ënnerlech Rou nach Äntwerte fonnt.

Wéi hien no beim Hongerdoud war huet en erkannt, datt och dëse Wee net dee Wee ass, deen zur Befreiung féiert. Sou huet en déi iwwerliwwerte Reliounen an hir Methoden opginn an huet sech vun do un op d'Meditatioun an d'besëtzlos Liewe vun engem heechende Mënch, ouni streng Askes, konzentréiert. Sou wollt hie säin eegene Wee fannen.

Eng Rëtsch Jore méi spéit, wei de Siddhartha schonn zum Buddha gi war, ass seng Fra Yasodhara mat der Schwéiermamm Pajapati, déi hien erzunn hat, als Nonn an den Uerde vum Buddha agetrueden an ass schlussendlech eng Arhat ginn.

D'Erwächen [änneren]

Am Alter vu 35 Jore souz de Siddhartha an enger Vollmoundnuecht an déifster Versenkung ënnert enger Pappelfig (haut, zur Erënnerung un d'Erwäche vum Buddha, als Bodhi-Bam bekannt) wéi hie Bodhi d'"Erwächen", oft ongenee mat "Erliichtung" iwwersat, erlangt. Haass, Begierd an Onwëssenheet si vun him ofgefall. Hien ass zum "Buddha", zum Erwächte ginn.

No sengem Erwächen huet hien am Wëldpark bäi Isipatana, dem haitege Sarnath, no bei Benares virun enger Grupp vu fënnef Asketen, déi seng fréier Kompanie war, seng éischt Priedegt gehalen. Déi fënnef goufen dunn déi éischt Membere vun der buddhistescher (Mënch) Communautéit (Sangha). De Siddharta wandert no dësem Evenement 45 Joer duerch Nordindien a priedegt seng Léier, dat heescht de "mëttlere Pad", tëscht Luxus an Askes, den achtfache Pad vun Tugend, Meditatioun a Weisheet, déi zum Erwäche feiere wäert. Dobäi huet hie vun alle Gesellschaftsschichte geschwat, vu Kinneken a Baueren, Brahmanen (Member vun der ieweschter Kast) an Ausgestoussenen, Geldverleiher a Bettler, Hellegen a Raiber. D'Ënnerscheeder vun de Kastenuerdnungen oder déi Verschiddenheete vun de soziale Gruppéierungen huet hien net unerkannt. De Wee deen hie gepriedegt huet, stoung all de Männer a Fraen op, déi bereet waren, de Wee ze verstoen an ze goen.

Seng Schüler zeechne sech no baussen hin mat engem geschuerene Kapp an engem giele Gewand aus. An der Zäit grënnt hien och en Uerde fir Pateren an Nonnen, de "Sangha".

Seng lescht Rees [änneren]

Am Alter vun 80 Joer ënnerhëlt de Siddharta seng lescht Rees. Begleet gëtt hie vun sengen Unhänger. Dat wuel bekanntesten Evenement op dëser Rees ass wahrscheinlech wéi de Siddharta sech um "Geierbierg" mat enger Lotusblumm an der Hand viru seng Begleeder stellt an hinne verkënnegt, datt säi Geescht a seng Intelligenz op dës Lotusblumm iwwergaange sinn.

Am Joer 483 v. Chr. stierft de Buddha am Alter vun 80 Joer an der Géigend vum Bësch vum Kushinagar an engem Klouschter nodeems hie sengen Unhänger un d'Häerz geluecht huet, seng Léier weider ze verbreeden. Domat geet hien an de Pari-Nirvana an, no deem et keng Widdergebuert gëtt.

De Buddhismus [änneren]

De Siddharta steet als Grënner vun der buddhistescher Relioun a Léiertraditioun an Indien. De Buddhismus berifft sech op d'Léier vum Siddharta. Dofir fänkt déi buddhistesch Zäitrechnung mam Doudesdag vum Siddharta un.

Fir ze liesen [änneren]

  • Walpola Rahula: What the Buddha Taught: Revised and Expanded Edition with Texts from Suttas and Dhammapada, Grove Press

Um Spaweck [änneren]

Commons: Siddhartha Gautama – Biller, Videoen oder Audiodateien