Siegfried I. vu Lëtzebuerg
| Siegfried I. ? – 998 |
||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Karolinger Grof Siegfried I. († 998 an der Räichsabtei St. Maximin zu Tréier) gëllt als Grënner vun der Grofschaft Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
De Siegfried war Vogt vum Klouschter Iechternach a vun der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier.
963 huet hie mat dem Abt Wikerus vun der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier en Tosch ausgemaach: seng Lännereie zu Feelen géint dem Klouschter säi Bockfiels mam Réimerkastell Lucilinburhuc. De Siegfried huet do eng Buerg baue gelooss, déi geschwën Lützelburg genannt gouf an duerno Lëtzebuerg, wat dann och dem ganze Land den Numm ginn huet.
D'Joer drop, 964, huet e vum Tréirer Äerzbëschof Heinrich Lännereie bei Saarburg kaaft an do um Inselbierg d'Buerg Saarburg iwwerholl.
Famill [änneren]
De Siegfried war de Jong vum Pfalzgrof Wigerich vu Loutrengen, Grof am Tréier-, Bid- an Ardennegau, a senger Fra Kunigunde, Gräfin vu Verdun a Kandskand vum Kinnek Louis den Tuddler.
Hien huet d'Hedwig vun Elsass bestuet, mat där hien eelef Kanner hat, dorënner:
- Heinrich I., Grof vu Lëtzebuerg
- Adalbero, Äerzbëschof vun Tréier
- Luitgard: 980 bestuet mam Grof Arnulf vun Holland
- Eva: 1000 bestuet mam Grof Gerhard vun Elsass
- Kunigunde: 1001 bestuet mam spéidere Keeser Heinrich II.
- Dietrich II., Bëschof vu Metz
Literatur [änneren]
- Haag, Emile, 2011. Sigefroi *922 †998: la naissance de la ville forteresse, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 84-89.
- Margue, Michel, 2003. Du Comté à l'Empire : origines et épanouissement du Luxebourg. In: Histoire du Luxembourg. Le destin européen d'un « petit pays ». Sous la direction de Gilbert Trausch. S. 67-147. Éditions Privat, Toulouse. ISBN 2-7089-4773-7
- Klein, René, 2001. Wer waren die Eltern von Graf Sigfrid? : eine neue Hypothese zum Ursprung des ersten Luxemburger Grafenhauses. In: Tempus edax rerum : le bicentenaire de la Bibliothèque nationale de Luxembourg (1798-1998). Luxembourg : Bibliothèque nationale, S. 163-170.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Siegfried I. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virgänger: - |
Grof vu Lëtzebuerg 963- 998 |
Nofolger: Heinrich I. |