Siemens ES64U2

Vu Wikipedia
Siemens ES64U2
Eng éisträichesch 1016 an der Gare vun Hochfilzen
Nummeréirung: DB: 182 001–025
MÁV: 1047 001–010

ÖBB: 1016 001–050, 1116 001–282

Stéckzuel: 477
Constructeur: Siemens
Baujoren: 2000 - 2008
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 86 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 19.280 mm
Héicht ouni Pantograph:
Maximal Achselaascht
Héchstvitesse: 230 km/h
Stroumsystemer: 15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum
25 kV Wiesselstroum 50Hz
Leeschtung: 6400 kW

D'Lokomotive vun der Siemens Serie ES64U2 sinn Lokomotiven aus der EuroSprinter Famill. Si ginn haut bei der DB (Serie 182), der ÖBB (Serie 1016 an 1116) an der MÁV (Serie 1047) agesat.

60 Maschinne gehéiere privaten Eisebunnsgesellschaften déi virun allem appreciéieren datt d'Lokomotive kënnen an Däitschland, Éisträich, der Schwäiz an Ungarn fueren.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

D'Lokomotive goufen 1997 fir d'ÖBB entwéckelt a gebaut, well déi meescht Lokomotiven an Éisträich dee Moment scho bal 50 Joer um Bockel haten. D'Commande war vun Ufank un fir 2 verschidden Zorte Lokomotive, eng reng 15kV Lokomotiv fir Zich an Éisträich an eng Lokomotiv fir 15kV an 25kV fir den Trafic iwwer d'Grenz an Ungarn.

Ufank 2000 gouf déi éischt Lokomotiv ausgeliwwert.

Geräischer beim Ufueren[änneren | Quelltext änneren]

D'ES64U2 hunn d'Particularitéit datt dat Geräisch dat se beim Ufuere maachen, enger Tounleeder gläicht.

Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Asaz bei der ÖBB[änneren | Quelltext änneren]

Bei der ÖBB kruten d'Lokomotiven de geschützten Numm Taurus(lat. Stéier). All d'Maschinnen si fir den Asaz mat Steierween ekipéiert.

D'1016 gi virun InterCity a Regionalzich an Éisträich an Däitschland agesat.

D'1116 gi virun allem am Gidder- a Persounentrafic mat Ungarn an der Schwäiz agesat.

Eng Rei vun den 1116 gi mat de Railjet Zich agesat, dëst sinn déi eenzeg ES64U2 déi hir Héchstvitesse vun 230 km/h erreechen.

Am Kader vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 goufe verschidde Lokomotiven an de Faarwe vun den Fändele vun de Länner ugestrach déi bei der EM dobäi waren.

Asaz bei der DB[änneren | Quelltext änneren]

Déi däitsch Bunn huet d'Serie 182 kaf well hir modern Gidderzuchlokomotive vun der Serie 152 net fir Éisträich konnten homologéiert ginn. Tëscht 2001 an 2009 sinn d'Lokomotiven nëmme mat Gidderzich gefuer. Datt ausgerechent déi DB-Lokomotive mat der héchster Vitess mat luese Gidderzich ënnerwee sinn ass héchst onrentabel an nodeem wéinst der Wirtschaftskris 2009 ze vill Lokomotive bei DB Cargo waren, si verschidden ES64U2 op Regionalexpress Zich an der Cottbuser Géigend agesat ginn.

Weiderentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Aus den ES64U2 huet Siemens eng Serie Lokomotive fir den Asaz ënner Gläich- a Wiesselstroum entwéckelt. Dat sinn d'Siemens ES64U4.