Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
 |
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Sierck-les-Bains (lëtz.: Sierk, loutrengesch: Siirk) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen, eng 4 km südlech vum däitsch-franséisch-lëtzebuergeschen Dräilännereck, um rietsen Uwänner vun der Musel.
Den Uert geet op gallo-réimesch Urspréng zréck, wéi verschidden Iwwerreschter beweisen. Am 10. Joerhonnert war e vun den Tréirer Äerzbëscheef ofhängeg, bis datt déi Loutrenger Herzogen en am 11. Joerhonnert iwwerholl an do eng Buerg gebaut hunn. Déi Buerg gouf am Laf vun der Geschicht dacks belagert, 1633 stounge schliisslech och d'Truppe vum Louis XIII. virun der Dier, mee et huet nach bis 1661 gedauert bis datt Sierk offiziell en Deel vu Frankräich ginn ass. D'Buerg selwer gouf als Fort un der franséischer Baussegrenz nach e puer mol moderniséiert an ausgebaut, 1866 ass se awer endgülteg deklasséiert ginn.
180°-Panorama vu Sierck-les-bains vum Strombierg erof.
[änneren] Kuckeswäertes
- Buerg Sierk, d'Buerg vun de Loutrenger Grofen
- Krichsmonumenter (Krich vun 1870, éischten an zweete Weltkrich)
- Kapell Marienfloss aus dem 13. Joerhonnert
- Kierch Notre-Dame vu 1492
- Park Valette
- Promenade laanscht d'Musel
- Quarzit-Steebroch vu Sierk
[änneren] Bevëlkerungsentwécklung
[änneren] Illustratiounen
-
Vue vum Krounebierg op Sierk
-
De Krounebierg vis-à-vis vu Sierk
-
Westlechen Deel vu Sierk an d'Kierch Notre-Dame
-
-
Monument vum 1870er Krich
-