Sieschter

Vu Wikipedia

E Sieschter, aus dem Latäin "sextarius" = 1 Sechstel (fr. bichet[1][2]), ass eng Mooss mat puererlee Bedeitungen:

Eng Huelmooss[änneren | Quelltext änneren]

Eng Huelmooss fir Fruucht an aner Feldfriichten oder och Uebst, déi hautdesdaags net méi vill gebraucht gëtt. Si gouf haaptsächlech an de Bauerebetriber a bei de Mëllere gebraucht. De Sieschter gouf a Kierf gemooss. Fir den Handel mat Privatleit, déi keng sou grouss Quantitéite gebraucht hunn, gouf et och nach Kierf vun engem hallwe Sieschter.

Praktesch all Herrschaftsgebitt hat eng eege Gréisst fir dee Sieschterkuerf, sou datt ee vu 15 bis 30 Liter bal alles fënnt. Bleiwe mer dowéinst beim Herzogtum Lëtzebuerg an der Ëmrechnungstabell vun der Commissioun vun de Gewiichter a Moosse vum Département des Forêts[3]:

Well dat lo ze schéi kloer wier, muss een ernimmen datt dat hei uewe just fir d'Ëmland vun der Stad Lëtzebuerg gegollt huet, ronderëm Arel (a wuel och dacks doriwwer eraus) huet de Sieschter der Commissioun no 18 Liter entsprach.

Et gouf awer och en Iechternacher, e Veianer, en Tréierer Sieschter, iwwer deen d'Commissioun nach net mol geschriwwen huet. An den Ëmrechnungstabelle vun 1820 fënnt ee wéinstens de gestrachene Veianer Sieschterkuerf erëm mat 17,22 Liter[4].

Et gëtt och alt mol gesot, e Sieschter Huewer wier ee Sechstel vun enger Ball oder duebelen Zenner. Dat wiere 15,622 kg, wat no un de 14 kg läit déi de Gouverneur Jean-Jacques Willmar fir den Areler Sieschter ugëtt[2]. Trotzdeem, den Zenner war fréier net op 50 kg genormt, an all Fruucht huet eng aner Dicht déi en plus vu Fiichtegkeet ofhänke kann, sou datt een domat net wierklech weiderkënnt a just graff op 26 Liter schätze géif, wat dann awer iwwer den 18 bis 19 Liter läit déi ee soss fir den Areler Sieschter fënnt[5].

Eng Flëssegkeetsmooss[änneren | Quelltext änneren]

E Sieschter Wäi waren eng aacht Pënten, wat der Commissioun no bal 6,33 Liter waren[3].

Eng Flächemooss[änneren | Quelltext änneren]

Eng Flächemooss, déi d'Fläch, no der Quantitéit Geseems déi dofir néideg ass, berechent.

  • "e Sieschter Land"
  • "en Haff vun honnertfoffzeg Sieschter", entsprécht enger 15 ha. Deemno konnt ee mat engem Sieschter Kären 10 ar ausséien.

Ausdréck[6][änneren | Quelltext änneren]

  • e "Sieschterkuerf" war alt mol Synonym mat Gromperekuerf obwuel deen dacks e bësse méi wéi ee Sieschter gefaasst huet, an e Päerdsbirel ongeféier ee Sieschter
  • "d'Fruucht gëtt gutt an de Sieschter", steet fir e gudde Karschnatz bréngen
  • en "Duerfsieschter" ass ëmmer op der Léin, dowéinst kann een och sou eng Persoun nennen déi iwwerall aushëlleft oder sech an allen Haiser auskennt
  • "si hunn d'Dalere mam Sieschter (gemooss)", fir räich sinn oder eng räich Ierfschaft maachen
  • e Männchen oder Kärel wéi "e Sieschter Äschen", fir eng kleng oder a priori harmlos Persoun
  • d'Verb "sieschteren": Bei Felder, déi e groussen Ertrag haten "et sieschtert sech"
  • e Kannerspréchelchen: "Mëller, du Déif, dräi Sieschter vum Maler, Dibbedapp, dapp, dapp, dapp, dapp"
  • e Vollekslidd: "a wéi de Mëller gemoltert hat, du waren et nach knapps sechs Sieschter"
  • e Spottreim: "Preis, Preis, Gromperepanz, wivill Sieschter hält deng Panz?"
  • eng Fauschtreegel: "bei de Grompre rechent ee véier Sieschter op den Zenner"

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lexikon der Luxemburger Umgangssprache
  2. 2,0 2,1 Mémorial, 2. Semester 1817, Notiz iwwer den Ubau vun egyptescher Fruucht, S. 749
  3. 3,0 3,1 Le rapport de la Commission des Poids et Mesures du Département des Forêts (1798), in: Hémecht, 1977, Heft 4, S. 534
  4. Tables de conversion des poids et mesures anciens, usités dans le Grand-Duché de Luxembourg, comparés aux poids et mesures du système métrique, tels qu'ils sont établis par l'arrêté royal du 29 mars 1817, J. Lamort, 1820
  5. Feudalzeitlicher Bannzwang und unbotmäßige Hörige, in: Luxemburger Wort, 17. Mäerz 1942, S. 4
  6. Luxemburger Wörterbuch Gearchiveerd op 2022-06-27. Gekuckt de(n) 2020-10-07.