Sigmundur Davíð Gunnlaugsson

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sigmundur Gunnlaugsson)
Sigmundur Davíð Gunnlaugsson
Gebuer 12. Mäerz 1975
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun University of Oxford,
Universitéit Island
Aktivitéit Politiker, Journalist, Ekonomist
De Sigmundur (2014).

De Sigmundur Davíð Gunnlaugsson, gebuer den 12. Mäerz 1975, ass en islännesche Politiker. Hien ass Deputéierten am islännesche Parlament (Althing) a President vun der Fortschrëttspartei.

Hie gouf den 23. Mee 2013 zum Ministerpresident vun Island ernannt an ass de 6. Abrëll 2016 no Manifestatioune vun Zéngdausende vu Leit den Dag virdrun, zeréckgetrueden, nodeems duerch d'Panama Papers bekannt gi war, datt hie mat senger Fra zesummen eng Bréifboîtëfirma op de Brittesche Joffereninselen hat, an dat net a senger Deklaratioun als Parlamentarier, resp. Regierungsmember, bekannt gemaach hat.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet 1995 seng Première zu Reykjavík gemaach an duerno do op der Universitéit vun Island Ekonomie studéiert. 2005 huet en déi mat engem Bachelor (BS-próf) ofgeschloss.[1]. Hien huet an där Zäit och zu Moskau a Kopenhagen studéiert a war 5 Joer op der Universitéit vun Oxford wou en un engem Doktorat geschafft huet, dëst awer bis ewell net ofgeschloss huet. Vun 2000 bis 2007 huet hien och als Deelzäit-Journalist beim staatleche Sender RÚV geschafft.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 2009 gouf de Sigmundur vun der Fortschrëttspartei als Nofollger vun der Valgerður Sverrisdóttir zu hirem President gewielt.[2]. Hie gouf de Spëtzekandidat vu senger Partei bei de Parlamentswale vun 2009. Dës huet awer missen an d'Oppositioun goen.

Bei de Parlamentswale vum Abrëll 2013 war hien nees Spëtzekandidat vu senger Partei, déi 24,4 Prozent vun de Stëmme krut an zweetstäerkst Partei gouf. De Sigmundur gouf vum President Grimmson zum Formateur vun enger neier Regierung ernannt, a sou koum et den 18. Mee 2013 zu engem Koaltiounsaccrod tëscht der Fortschrëttspartei an der Onofhängegkeetspartei (déi déi meescht Stëmme kritt hat, awer e manner groussen Zouwuess hat par Rapport zu de Walen 2009).[3],[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Brautskráðir kandidatar frá hagfræðideild 2005: hi.is
  2. Sigmundur Davíð kjörinn formaður Framsóknar , 18. Jan. 2013 bei pressan.is
  3. Sigmundur Davíð næsti forsætisráðherra ruv.is 18. Mee 2013
  4. Iceland Election: Sigmundur Davíð to be Prime Minister icelandreview.com, 18. Mee 2013