Silver Shadow

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Silver Shadow
Status: Am Déngscht
A Betrib zanter: 2000
Tonnage: 28.258 BRT
Längt: 610 feet / 186 m
Breet: 81.8 feet / 24.8 m
Déifgang: 19.6 feet / 6 m
Decken: 10
Vitess: 21 Kniet
Capacitéit: 382 Passagéier, 295 Equipage
Pavillon: Bahamas

Silver Shadow ass e Croisièreschëff dat 2000 vun der Reederei Silversea Cruises a Betrib geholl gouf. Seng Capacitéit ass 382 Passagéier a 295 Equipage-Persounen. Hiert Schwësterschëff ass d'Silver Whisper. Béid baugläich Schëffer goufen op der Werft Mariotti Shipyard zu Genua, (Italien) gebaut. D'Propotioun tëscht der Zuel vu Passagéier an dem Equipage ass mat 1,31 zu 1 aussergewéinlech héich. Grad wéi déi generéis bemoosse Raumfläch iwwer déi all Passagéier verfüge kann. D'Silver Schadow, gehéiert, grad wéi déi aner Silversea Schëffer, zu de Luxusklass-Schëffer an huet vum Berlitz-Guide e Rating vu Véier Stären-Plus.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]