Silverchair

Vu Wikipedia
Vu lénks no riets: Ben Gillies, Daniel Johns a Chris Joannou

Silverchair waren eng Rockgrupp aus Australien, déi an hire fréie Joren zum Grunge gezielt gouf, haut awer éischter bei den Alternative Rock passt.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

No engem Demo-Contest, dee si gewonnen haten, an engem Plackevertrag an der Täsch koum 1995 déi éischt CD vu Silverchair eraus. Hiren Debutalbum Frogstomp huet sech erstaunlecherweis, fir eng Newcomerband aus Australien, relativ gutt verkaaft (3 Millioune verkaaft Toundréier). Duerch dës CD, an d'Tatsaach datt d'Memberen zu dësem Zäitpunkt nach keng 16 Joer haten, gouf d'Fachpress fir d'éischt Kéier op si opmierksam. Séier goufe Vergläicher mat der Grungegrupp Nirvana gemaach, virun allem wéinst der selwechter Gruppebesetzung an der optescher wei stëmmlecher Änlechkeet vum Sänger. Mä genee wéi de Kurt Cobain huet och den Daniel Johns déi schlëmm Säit vum Musekbusiness misse kenneléieren. Hien huet de ganzen Hype ëm seng Grupp net verkraaft a jorelaang ënner Depressiounen a Bulimie gelidden.

Musikalesch hu sech Silverchair vun der éischter rauen an haarde Musek op Frogstomp a Freak Show weiderentwéckelt, wei een op den Albume Neon Ballroom an Diorama, héiere kann. D'Zesummenaarbecht mat Elektronikkënschtler an Orchestermuseker maachen déi Albumen zu eemolege Wierker. Besonnesch op Diorama verabschide si sech vun alle musikaleschen Norme vum Rockgenre a schaffe mat detailléierter Melodielaschtegkeet an Asaz vu verschiddensten Instrumenter e Meeschterwierk wat senges gläiche sicht.

2002, no den Opname vun Diorama, gouf beim Daniel Johns Arthritis festgestallt, sou datt si hir geplangten Tournée net untriede konnten.

No enger méi laanger Paus, an där déi eenzel Membere Soloprojeten nogaange sinn, hu se 2006 nees zesummenfonnt fir en neien Album opzehuelen. 2007 ass de fënneften Album Young Modern erauskomm.

Am Mee 2011 huet Silverchair ugekënnegt eng Paus op onbestëmmten Zäit ze maachen.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1995: Frogstomp
  • 1997: Freak Show
  • 1999: Neon Ballroom
  • 2002: Diorama
  • 2007: Young Modern

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Silverchair – Biller, Videoen oder Audiodateien