Silversea Cruises

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Silversea Cruises ass eng Schëfffaarts-Linn mat Croisière-Schëffer, déi zu der Luxusklass gehéiert. D'Gesellschaft huet hire Sëtz zu Fort Lauderdale, Florida (USA), mat Verkafsbureauen zu London, Monaco & Sydney, a gehéiert der Lefebvre Famill vu Roum, (Italien).

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Silversea gouf am Abrëll 1994 gegrënnt, mat nëmmen engem Schëff. Zu där Zäit sinn nach Zweifel iwwert d'Iwwerliewenschancen vu där Gesellschaft opkomm. Zum éischte Schëff, der Silver Cloud, koum am Januar 1995 e zweet Schëff vu gläicher Bauaart, d'Silver Wind, dobäi. Am September 2000 huet d'Linn en drëtt Schëff, d'Silver Shadow an am Januar 2001 d'Silver Whisper a Betrib geholl. Dës zwee baugläich Schëffer hu Plaz fir ronn 100 Passagéier méi wéi hir zwee éischt Schëffer. Engt neit Schëff ass am Bau a soll 2009 de Betrib ophuelen.

Quellen [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Silversea Cruises – Biller, Videoen oder Audiodateien