Silvretta-Stauséi

Vu Wikipedia
Staumauer

De Silvretta-Stauséi läit an den éisträicheschen Alpen am Bundesland Vorarlberg an der Silvretta - Grupp.

E läit op enger Héicht vun 2.030 m an enger Sank vun der Silvretta (Silvretta-Bielerhöhe). Et kënnt een dohin iwwer d'Silvretta Hochalpenstrasse. Am Summer fuere Bussen dohin.

De Séi gëtt haaptsächlech vu Gletscherbaache gefiddert, an e gëtt benotz fir Stroum ze produzéieren. En ettlech Späicherwierker, déi méi déif leien, kréien d'Waasser vun him, ënner anerem d'Späicherwierk Vermunt.

De Séi gëtt vun zwou Staumaueren am Nordwesten a vun engem opgeschoddene Steendamm am Nordoste gestaut. D'Stauvolumen ass zirka 38.600.000m³.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Silvretta-Stauséi – Biller, Videoen oder Audiodateien
Waasserfall a Bréck vun enger Baach déi dra leeft
Nach eng Baach déi draleeft
Eng Baach an een Trëppelpaad