Simon Dach

Vu Wikipedia
Simon Dach
Gebuer 29. Juli 1605
Klaipėda
Gestuerwen 15. Abrëll 1659
Königsberg
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Universitéitsprofesser

De Simon Dach, gebuer den 29. Juli 1605 zu Memel, dem haitege Klaipėda a Litauen, a gestuerwen de 15. Abrëll 1659 zu Königsberg am Herzogtum Preisen, dem haitege Kalinigrad, war den däitschen Dichter.

Nodeem den Dach d'Doumschoul zu Königsberg, d'Stadschoulen zu Witenberg an zu Magdeburg an d'Universitéit Königsberg besicht hat, huet hien an der Doumschoul Course ginn. 1639 war e Professer fir Dichtung an e krut 1658 vum Kurfürst Lännereie geschenkt.

Literaresch war e vum Martin Opitz, dem Grënner vun der Schlesescher Dichterschoul inspiréiert. Den Dach huet eng 1.200 Gedichter geschriwwen, déi all als Eenzeldrock publizéert gi sinn. Säin am meeschte bekannte Gedicht ass Anke van Tharaw, dat eenzegt, dat hien op samlännescht Plattdäitsch geschriwwen huet. De Johann Gottfried Herder huet et méi spéit op Héichdäitsch iwwerdroen. Wéi d' Ännchen von Tharau goufe vill vu senge Lidder vum Heinrich Albert (Komponist) vertount.

Mat 49 Joer krut den Dach d'Schwindsucht, un där hien 1659 zu Königsberg gestuerwen ass.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Walter Ziesemer (Ed.):Simon Dach. Gedichte, Halle 1936-38, 4 Bänn
  • Simon Dach: Simon Dach. Poetische Werke, Königsberg, 1696, Nodrock bei Olms 1967

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]