Simon Marius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Simon Marius aus Mundus Iovialis

De Simon Marius (laténgesch Form vu Simon Mayr, gebuer den 10. Januar 1573 zu Gunzenhausen (Bayern) a gestuerwen de 26. Dezember 1624 zu Ansbach (Julianesche Kalenner), war en däitsche Mathematiker, Medeziner an Astronom.

Bal zäitgläich mam Galileo Galilei huet de Marius als ee vun deenen Éischten dat deemools nei entwéckelt Teleskop fir Himmelsobservatiounen agesat. Hien huet déi véier gréisst Mounde vum Planéit Jupiter entdeckt. Déi Feststellung huet zum Stuerz vum geozentresche Weltbild bäigedroen; et huet mat Hëllef vun empiresche Methoden dat heliozentrescht Weltbild vum Nikolaus Kopernikus gestäipt.[1]

Liewen a Wierker[änneren | Quelltext änneren]

De Marius, gebuer als aacht Kand vum Kéifer a Buergermeeschter, Reichart Mayr [2], gouf vum Ansbacher Fürst Joachim Ernst ënnerstëtzt. Duerch hie krut de Marius d'Geleeënheet, vu 1586 bis 1601 d'Fürsteschoul Heilsbronn ze besichen. Do huet hie säi grousst Talent fir Mathematik an Astronomie bewisen.

Duerch d'Publikatioun vu senger Observatioun vum Koméit vu 1596 an den Astronomeschen Tabellen (Tabulae Directionum Novae, 1599) huet hie sech en Numm gemaach a gouf 1601 zum Haffmathematikus vun der Markgrofschaft Ansbach beruff. Hien ass op Prag gereest, fir déi nei Observatiounstechnike vum Tycho Brahe kennenzeléieren. Leider ass dëse véier Méint duerno gestuerwen. De Marius huet da bis 1605 Medezin op der Universitéit Padua studéiert a gouf Medeziner.

De Portrait a sengem Haaptwierk Mundus Iovialis weist de Marius am Joer vun der Publikatioun; als Zeeche vu senger medezinescher Aktivitéit hält hien en Destillatiounsinstrument an der lénkser Hand, dat aus engem gliesenen Destilléierkolwen (Cucurbita) an engem opgesatene retortefërmegen Destilléierhelm oder -kapp (Alembic) besteet[3]. Den Zierkel a senger rietser Hand weist op seng Positioun als Mathematiker hin. Virun him läit en Teleskop (Bäischrëft „Perspicillium“), dat hie fir seng Himmelsobservatiounen agesat huet, an och säi Wierk Mundus Iovialis; lénks nieft him ass d'Jupitersystem mat de véier vun him entdeckte Mounden, a riets vun him och seng éischt astronomesch Observatioun, de Koméit vu 1596 gezeechent.

De Marius huet deemools zum Krees ëm de Galilei gehéiert. Am Joer 1604 huet hien e Koméit observéiert. Säi Schüler Baldessar Capra huet dës Observatioune publizéiert.

Vu 1606 un huet de Marius zu Ansbach gelieft, wou hie fürstlechen Haffastronom war, mat engem Joresakommes vun 150 Daler. Zu senge Flichten als Haffmathematikus (Astrolog) hunn och all Joer „d'Prognostica“ gehéiert. Hie huet d'Felicitas Lauer bestuet, d'Duechter vu sengem Nürnberger Editeur Johann Lauer, bei deem zanter 1601 säi Kalenner a seng Virausoe publizéiert goufen [4].

Am Joer 1609 huet hien déi éischt Iwwersetzung vun den Elementer vum Euklid direkt aus dem griicheschen Urtext publizéiert.

De Marius krut 1609 en Exemplar vun deem a Flandern neientwéckelten Teleskop (lat. perspicillum). Domat huet hien am Joer 1610 onofhängeg vum Galilei (de 7. Januar) nëmmen een Dag méi spéit (den 8. Januar) och déi véier gréisst bannenzeg Mounde vum Jupiter entdeckt [5] (Gregorianesche Kalenner):

Tunc primum aspexi Iovem, qui versabatur in opposito Solis, et deprehendi stellulas exiguas, modo post, modo ante Iovem in linea recta cum Iove.

Deemools hunn ech de Jupiter fir d'éischt gesinn, deen an Oppositioun zu der Sonn stoung; an ech hu winzeg kleng Stärecher bal vir, bal lénks oder riets vum Jupiter, a riichter Linn mat dem Planéit gesinn.

Allerdéngs bezichtegt de Galileo Galilei de Marius wéinst Plagiat. Schonn 1607 hat nämlech de Mariusschüler Baldessar Capra (1580–1626) e Manuskript vum Galilei iwwer de Proportionalziirkel ënner sengem Numm drécke gelooss, woubäi de Marius net onbedeelegt gewiescht soll sinn.

De sougenannte Prioritéitssträit ëm d'Éischtentdeckung vun de Jupitermounde léist sech op, wann een a Rechnung stellt, datt de Marius den Termin, nämlech den 29. Dezember 1609, no deem ale, julianesche Kalenner uginn hat; dëse steet gläich mat dem gregorianeschen Datum 8. Januar 1610. Soumat läit d'Observatioun vum Simon Marius – no sengen eegenen Daten! – een Dag no där vum Galilei (7. Januar 1610). De Gebrauch vun deenen zwéi Kalenner war dem Marius bewosst.[6].

Io, Europa, Ganymed atque Callisto lascivo nimium perplacuere Iovi[7]

Io, Europa, Ganymed a Callisto hunn dem laszive Jupiter staark gefall.

D'Entdeckung vun de véier Mounde war eng gewalteg Sensatioun, well si sech ëm een eenzege Planéit dréinen an domat wéi e Sonnesystem am Klengen ausgesinn. Ausserdeem huet de Marius erkannt, datt sech d'Jupitersystem net ëm d'Äerd dréit, mä ëm eis Sonn.

Post plurimas observationes factas atque post deprehensas cuiuslibet quam proxime periodos evolutionum, animadverti etiam aliud phaenomenum: Nimirum quod inaequalitate motus sui principaliter quidem Iovem, cum Iove autem non terram sed solem respiciant[8].

Nodeem ech vill Observatioune gemaach an déi periodesch Ëmlafzäite vun all Mound zimlech genee erhalen hat, hunn ech nach en anert Phenomen gesinn, nämlech datt d'Mounden op den Zentrum vum Jupiter ausgeriicht sinn; zesumme mam Jupiter awer sinn si net op d'Äerd ausgeriicht, mä op d'Sonn als Mëttelpunkt.

Allerdéngs koum de Marius duerch seng Observatiounen net zu deem Weltsystem, wéi et den Nicolaus Kopernicus schonn en halleft Joerhonnert vertrueden hat; villméi huet en e Weltbild entwéckelt, dat tëscht dem geozentreschen an dem heliozentresche Weltbild louch, wéi et och den däneschen Astronom Tycho Brahe vertrueden huet:

Solem autem ipsum quasi in concentrico zirka terram moveri suppono[9].

Ech huelen un, datt sech d'Sonn awer selwer op enger konzentrescher Bunn ëm d'Äerd beweegt.

Den Haaptzweck vum Mundus Iovialis bestoung an der Publikatioun vun Tabelle mat den Ëmlafzäite vun de Mounden. Déi genee Wäerter stamen aus Observatiounen aus dem Joer 1614 a wäichen nëmme maximal 0,3 Promille vun haitege Wäerter of.[10].

D'Observatioune vum Joer 1610 konnt de Marius eréischt am Joer 1614 a sengem Wierk Mundus Iovialis publizéieren, véier Joer no der Editioun vum Galiléische Bericht Sidereus Nuncius aus dem Joer 1610.

Wann et och dem Galilei gelongen ass, ze verhënneren datt de Marius Weltruhm sollt kréien, sou huet de Marius a senger fränkescher Heemecht grousse Prestige kritt. Seng Heemechtsstad Gunzenhausen huet him 1612 e klenge Becher zu 6 1/2 Gulden – méiglecherweis fir seng Entdeckung vun de Jupitermounden - geschenkt [4]. Hie gouf zu Ansbach vu Geléierten aus senger Zäit, wéi de Petrus Saxonius an de Lukas Brunn besicht a stoung mat anere Wëssenschaftler wéi David Fabricius, Johannes Kepler, Michael Maestlin an Odontius am Kontakt.

De Mayr huet dë Weideren – och onofhängeg vun aneren Astronomen – d'Sonneflecken entdeckt. Am Joer 1612 huet hien duerch en Teleskop als Éischten an der Neizäit den Andromedaniwwel (Messier-Nummer M31) observéiert, déi noost Galaxis zu eis. Well him anscheinend bekannt war, datt si schonn ëm 905 vum perseschen Astronom Al Sufi beschriwwe gi war, huet hien och keng Prioritéitsuspréch gestallt. De Status als eegenstännegt Stäresystem wéi eis Mëllechstrooss konnt awer eréischt 1923 den Edwin Hubble um 2,5-Meter-Teleskop vum Mount Wilson-Observatoire noweisen.

D'IAU huet hie mat der Benennung vum Moundkrater Marius geéiert. No him ass och d'Simon-Marius-Gymnasium a senger Gebuertsstad Gunzenhausen benannt.

Déi rar Drockschrëfte vum Simon Marius ginn am Stadmusée Gunzenhausen versuergt, an am Stadarchiv vu Rothenburg ob der Tauber, an der Staatsbibliothek zu München, an der Staatsbibliothek zu Berlin, an der Landesbibliothek zu Stuttgart, an der Universitéitsbibliothek Erlangen, an der Nürnberger Stadbibliothek, am Nürnberger Musée, an am bayeresche Staatsarchiv zu Nürnberg. Vun den Handschrëfte sinn nieft e puer Bréiwer all aner Schrëfte verluer gaangen [11].

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Schrift über den Kometen von 1596. Nürnberg 1596
  • Tabulae directionum novae. Nürnberg 1599
  • Die Ersten Sechs Bücher Elementorum Evclidis, In welchen die Anfänge vnd Gründe der Geometria ordentlich gelehret, vnd gründtlich erwiesen werden, Mit sonderm Fleiss vnd Mühe auss Griechischer in vnsere Hohe deutsche Sprach übersetzet. Ansbach 1609
  • Mundus Iovialis anno MDCIX Detectus Ope Perspicilli Belgici. Nürnberg 1614
  • Mundus Iovialis anno MDCIX Detectus Ope Perspicilli Belgici (Die Welt des Jupiter, 1609 mit dem flämischen Teleskop entdeckt; Lateinisches Faksimile und deutsche Übersetzung; Hrsg. und bearb. von Joachim Schlör. Naturwiss. begleitet und mit einem Nachw. vers. von Alois Wilder; ISBN 3-924270-14-7)
  • Gründliche Widerlegung der Position Circkel Claudij Ptolemaei, vornemblich aber, Johannis Regiomontani; mit grosser Mühe und vielem Nachdencken, so wol auss Ptolemeo selbsten, als auch allen anderen vortrefflichen Astrologen, so vor Ptolemei Zeiten an, bis auff Regiomontanum gelebet, und von directionibus Theorice und Prastice geschrieben, zusammengezogen. Frankfurt 1625
  • Schreibkalender für die Jahre 1601 bis 1629
  • Prognostica für die Jahre 1601 bis 1629

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J. Bosscha: Simon Marius. Réhabilitation d'un astronome calomnié. In: Archives Néerlandaises des Sciences Exactes et Naturelles. Ser. II, T. XII, S. 258–307, 490–528, La Haye 1907
  • J. A. C. Oudemans und J. Bosscha: Galilee et Marius. In: Archives Néerlandaises des Sciences Exactes et Naturelles. Ser. II, T. VIII, S. 115–189, La Haye 1903
  • E. Goercke: Mediceische Sterne kontra Brandenburgisches Gestirn: Das Leben des Simon Marius. In: Die Sterne, 62. Band, Heft 4, 1986, S. 223-231
  • J. Schlecht: Simon Marius – Namenspatron unserer Schule. In: Jahresbericht des Simon-Marius-Gymnasiums Gunzenhausen 2005/06. S. 93–100
  • A. Wilder: Simon Marius - der Namenspatron unserer Schule. In: 450 Jahre Simon-Marius-Gymnasium Gunzenhausen. Gunzenhausen 1981
  • E. Zinner: Zur Ehrenrettung des Simon Marius. In: Vierteljahresschrift der Astronomischen Gesellschaft. 77. Jahrgang, 1. Heft, Leipzig 1942

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. De Revolutionibus Orbium Coelestium (Nürnberg, 1543)
  2. Simon Marius, Prognosticon für das Jahr 1609
  3. Nach Auskunft von PD Dr. med. Marion Maria Ruisinger, Inst. für Geschichte und Ethik der Medizin, Erlangen, Michael Kowalski M.A., Deutsches Medizinhistorisches Museum, Ingolstadt, Prof. Dr. med. Dr. phil. Michael Stolberg, Institut für Geschichte der Medizin der Universität Würzburg
  4. 4,0 4,1 E. Zinner: Zur Ehrenrettung des Simon Marius. In: Vierteljahresschrift der Astronomischen Gesellschaft. 77. Jahrgang, 1. Heft, Leipzig 1942, S. 4
  5. Mundus Iovialis, S. 38
  6. Mundus Iovialis, S. 118
  7. Mundus Iovialis, S. 78 f.
  8. Mundus Iovialis, S. 84
  9. Mundus Iovialis, S. 124
  10. A. Wilder in: Mundus Iovialis, S. 164
  11. E. Zinner: Zur Ehrenrettung des Simon Marius. In: Vierteljahresschrift der Astronomischen Gesellschaft. 77. Jahrgang, 1. Heft, Leipzig 1942, S. 5 ff.