Simon Newcomb
De Simon Newcomb, gebuer den 12. Mäerz 1835 zu Wallace (Kanada) a gestuerwen den 11. Juli 1909 zu Washington, D.C. war e Kanadeschen-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
Mat 19 Joer ass de Newcomb an d’USA ëmgezunn an huet sech do autodidaktesch Kenntnesser an héijer Mathematik an Astronomie ugeeegent. 1858 mécht hien en Ofschloss an der Lawrence Scientific School vun der Harvard Universitéit.
1861 gouf hien Astronom a Professer fir Mathematik um Observatoire vun der US-Marine zu Washington, D.C.. Do beschäftegt hie sech mat Theorien vu Planéitebeweegung an der Bestëmmung vu Planéitenpositiounen als Navigatiounshëllef.
Bei engem Besuch am Paräiser Observatoire konnt hien 1870 Moundbunnberechnungen vum Peter Andreas Hansen verbesseren.
1877 gouf de Newcomb Direkter vum Nautical Almanach Office, 1884 ausserdeem Professer fir Mathematik an Astronomie op der Johns Hopkins University. Seng an déier Zäit gemaache Neiberechnungen vun den Ephemeride goufen op enger Konferenz am Mee 1896 zu Paräis zum internationalen Standard erkläert.
Vun 1878 huet hie an Zesummenaarbecht a spéider a Konkurrenz mam Albert Abraham Michelson, un engem Projet fir eng méi genee Miessung vun der Liichtvitesse geschafft.
1881 ass him opgefall, datt an de Logarithmentafele déi viischt Säiten méi staark ofgenotzt waren wéi déi hënnescht. Doraus huet hien d’These ofgeluecht, datt an enger Lëscht aus zoufälleg zesummegestallte Zuelen d’eent méi heefeg wéi all aner Ziffer un éischter Stell stong. Spéider gouf dëse Grondsatz no Frank Benford Benfordsches Gesetz genannt.
1874 krut de Newcomb d’Goldmedail vun der Royal Astronomical Society. 1908 huet hien e Plenarvirtrag op dem Internationale Mathematikerkongress zu Roum gehalen (La théorie du mouvement de la lune: son histoire et son état actuel).