Simone Beck

Vu Wikipedia
Simone Beck
Gebuer 12. Dezember 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Famill
Papp Henri Beck

D'Simone Beck, gebuer den 12. Dezember 1950 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Professesch an Historikerin.

Nom Studium vun der Geschicht, vun der Germanistik a vun der Altphilologie zu Freiburg am Breisgau gouf d'Simone Beck Professesch, d'éischt am Lycée technique Michel-Lucius (1975-1987) an dunn am Stater Kolléisch. Am Kader vum Stage pédagogique huet si 1977 e Memoire iwwer d'Stad Lëtzebuerg ënner dem Directoire (1795-1799) verfaasst[2].

Vun 1993 bis 1996 war d'Simone Beck zoustänneg fir d'Ëffentlechkeetsaarbecht an déi international Projeten vu "Luxembourg Ville européenne de la Culture 1995 a bis 2003 Generalsekretärin vum "Network of European Capitals of Culture and Cultural Months". D'Simone Beck war vun 2003 bis 2005 Directrice vum Institut Pierre-Werner. Duerno, vum 1. Dezember 2005 un, war s'eng Zäitchen als Beroderin vum Grand-Duc Henri beschäftegt. D'Simone Beck ass wëssenschaftlech Mataarbechterin vun der Stëftung Forum der Zivilisationen - Echternacher Tage a schreift reegelméisseg Bäiträg fir d'Zäitschrëft Ons Stad. Si ass och nach Member vun der Programmkommissioun vum groussen Theater an der Stad. Zënter 2015 ass d'Simone Beck Presidentin vun der Lëtzebuergescher UNESCO-Kommissioun.

Zanter Enn 2018 ass d'Simone Beck Coordinatrice vun der Publikatioun vun ons stad[3] Si ass d'Duechter vum Henri Beck, dem Grënner a laangjärege Redakter vun der Zäitschrëft.

Aarbechten & Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Baldauff (-Beck), Simone, 1977. La ville de Luxembourg sous le Directoire (1795-99). XX + 253 p. Mémoire présenté dans le cadre du stage pédagogique. Histoire. Luxembourg.
  • Baldauff-Beck, Simone, 1987. La ville de Luxembourg sous le Directoire (1795-1799). Lëtzebuerger Almanach ’88: Pp. 372-386. G. Binsfeld, Luxembourg.
  • Baldauff-Beck, Simone, 1986. Die Frau früher: Hexe, Hure oder Heilige?. In: Hexen, Broschür, erausgin vun der "Ecole des Femmes" an Zesummenaarbecht mat der lëtzebuergescher Sektioun vun de Sozialistesche Fraen; Ss. 5-11.
  • Baldauff-Beck, Simone, 1989. Une école de femmes pour des femmes savantes? La discussion sur les lycées de jeunes filles - un reflet de la mentalité luxembourgeoise au début du siècle. In: Lycée de Jeunes Filles - Lycée Robert Schuman 1909-1989, Broschür fir den 80. Anniversaire, Lëtzebuerg, 1989; Ss. 37-52. Reeditioun vum Artikel in: Memorial 1989, erausgi vum Martin Gerges, Les Publications mosellanes, Ss. 678-687.
  • Beck, Simone, 2002. Die NS-Pläne für einen Theater-Neubau in Luxemburg: ein neues Theater für eine neue Zeit? ; in: ons stad, Nr. 71: 34-36. Luxembourg. Pdf 1 Mb
  • Beck, Simone, 2007. à propos... du théâtre au Luxembourg. Service information et presse du gouvernement (éd.). 20p. ISBN 978-2-87999-137-5. Pdf (2,11 Mb). [Och op Däitsch an Englesch ze kréien]
  • Beck, Simone, 2009. Anne Beffort et Marie Speyer: une photo et son histoire ; in: ons stad, Nr. 92: 56-57. Luxembourg. Pdf 1 Mb
  • Rewenig, Guy (Hrsg.), 1989. 150 Jahre Theater in Luxemburg. Prolog und Mitarb.: Simone Baldauff-Beck & Marc Linster; Gestaltung: Francis van Maele; Mitarb.: Josiane Weber, Jürgen Gauert, Pol Greisch, Roland Houtsch, Christiane Kolbet, Holger Sandig, Olivier Ortolani, Frank Feitler, Marc Olinger, Guy Wagner, Philippe Noesen, Jean-Paul N. Hoffmann, Michèle Clees, André Jung, Steve Karier, Jean-Marie Weitzel, Fernand Hoffmann, Ed. Maroldt, Colette Mart, Claude Schmit. 188 p. Serie Amphitheater Nr. 7/8. Ed. phi, Echternach. Rapid press, Lëtzebuerg. ISBN 3-88865-075-5.
  • Bildung: Zwischen Wissen und Lebenskompetenz? - Kompetenzen, Kompensation, Dominanten: Ministeriale Theorie gegen Schulalltag und Berufsrealität. Lehrt die Schule leben? ; in: Télécran 02 / 2013; Ss. 42-43.
  • Von Hühnern und Hähnen - Der lange Weg zur Koedukation; in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); 2 Bänn; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; hei, Band I, Ss. 166-170 (ill., Referenzen).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 41
  2. cf. Baldauff 1977 a Baldauff-Beck 1987 an der Bibliographie.
  3. Websäit vun ons stad, opgeruff am Juni 2019