Simone Veil

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der franséischer Politikerin Simone Veil. Fir déi franséisch Philosophin, kuckt wgl. Simone Weil.
Simone Veil
Gebuertsnumm Simone Annie Liline Jacob
Gebuer 13. Juli 1927
Nice
Gestuerwen 30. Juni 2017
7. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich, Belsch
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
Faculté de droit de Paris
Aktivitéit Politiker, Affekot, Auteur
Member vun Académie française
Famill
Bestuet mat Antoine Veil
Kanner Pierre-François Veil, Claude-Nicolas Veil

D'Simone Veil, gebuer als Simone Jacob den 13. Juli 1927 zu Nice, a gestuerwen den 30. Juni 2017 zu Paräis, war eng franséisch Politikerin.

Si war vun 1974 bis 1979 Gesondheetsministesch a vun 1979 bis 1982 Presidentin vum Europäesche Parlament. Den 20. November 2008 gouf d'Simone Veil Member vun der Académie française.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Simone Veil war d'Duechter vum Architekt André Jacob an der Yvonne Steinmetz. D'Famill war jiddesch, mä éischter aus kulturelle wéi reliéise Grënn. 1944 gouf d'Famill vun der Gestapo verhaft. Hire Papp an hire Brudder Jean goufen a Litauen deportéiert a sinn net méi erëmkomm. Hir Schwëster Denise war bei der Résistance, si gouf an d'KZ Ravensbrück verschleeft, konnt awer iwwerliewen. D'Simone, hir Mamm an hir aner Schwëster Madeleine goufen an d'KZ Auschwitz-Birkenau deportéiert an am Januar 1945 op engem Doudesmarsch an d'KZ Bergen-Belsen geschéckt. Hir Mamm ass do de 15. Mäerz 1945 un enger Typhusepidemie gestuerwen, d'Simone an hir Schwëster konnten de 15. Abrëll 1945 vun der englescher Arméi befreit ginn.[1]

D'Simone Veil huet um Institut d'études politiques de Paris Droit studéiert. Si war vun 1974 bis 1979 Gesondheetsministesch an de Regierunge vum Jacques Chirac a vum Raymond Barre an no der Germaine Poinso-Chapuis déi zweet Fra iwwerhaapt, déi a Frankräich Ministesch gouf. Als Gesondheetsministesch huet si sech dofir agesat, datt Verhiddungsmëttele méi einfach zougänglech géifen, a besonnesch och, wat hir vill Feindschaft abruecht huet, fir d'Legaliséierung vum Avortement. D'Gesetz vum 17. Januar 1975 gëtt nach haut Loi Veil genannt.

Duerno gouf si bei den éischten Europawalen 1979 an d'Europäescht Parlament gewielt, a gouf do fir zwee an en halleft Joer als Presidentin vun där Assemblée gewielt.

Ënner dem Premierminister Édouard Balladur war si vun 1993 bis 1995 Ministesch fir Soziales, Gesondheet an d'Stied.

Vun 1998 bis 2007 war d'Simone Veil Member vum Conseil constitutionnel.

2008 gouf si an d'Académie française gewielt, wou si zanter dem 18. Mërz 2010 de Fauteuil 13, wou schonn de Jean Racine souz, iwwerholl huet.[2]

1981 krut si de Karlspräis vun der Stad Oochen iwwerreecht, an 2005 de Prënz-vun-Asturien-Präis.

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

A follgenden Uertschaften ass eng Strooss no der Simone Veil genannt: Kockelscheier, Mamer, Mutfert.

D'Stad Lëtzebuerg huet am Joer 2023 op der Izeger Knupp – an engem neien Deel vu Bouneweg – och eng vu sechs Stroossen déi den Numm vun enger Fra kruten, no hir genannt[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Simone Veil – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Simone Veil, déportée à Birkenau, Bobrek et Bergen-Belsen." Mémorial de la Shoah.
  2. "Simone Veil immortelle." lexpress.fr.
  3. (fr)Bottemer, Benjamin, City Octobre 2023. City 2023. vdl.lu (27.09.2023). Gekuckt de(n) 28.09.2023.