Simpelveld

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Simpelveld
Flag of Simpelveld.png
Coat of arms of Simpelveld.png
Land: Flag of the Netherlands.svg Holland
Provënz: NL-LimburgVlag.svg Limburg
Awunner: 11.335 (1. Juni 2007)
Fläch: 1.603 ha
Geographesch
Koordinaten
:
50° 50' 02" N
05° 58' 55" O

Simpelveld ass eng Uertschaft a Gemeng an der hollännescher Provënz Limburg. Si läit am südlimburgeschen Hiwwelland, an ass en Deel vun der Parkstad Limburg.

Déi haiteg Gemeng ass entstanen duerch d'Fusioun am Joer 1982 vun den deemols eegestännege Gemengen Bocholtz a Simpelveld. Zu der Gemeng gehéieren nach d'Uertschaften Boschenhuizen a Molsberg

Gemeng stéisst un déi hollännesch Gemengen Heerlen, Gulpen-Wittem a Voerendal. Op der däitscher Grenz stéisst se un de Krees Oochen.

[änneren] Geschicht

Vum Numm vun der Uertschaft, déi et schonns an der gallo-réimescher Zäit gouf, ass bekannt datt en an Dokumenter fir d'éischt am Joer 1137 als Simplevei ernimmt gouf.

Iwwerreschter aus der Réimerzäit goufe bei den Ausgruewunge vun der réimescher Villa an der Géigend vu Vleengendaal tëscht 1911 an 1913 fonnt. Et ass eng vun de luxuriéiseste réimesche Villaen déi an Holland fonnt goufen. Se war 44 Meter laang an 31 Meter breet.

[änneren] De Wopen

De Wope vu Simpelveld ass enstanen aus dem Wope vun den Häre vu Simpeveld a Bocholtz, déi vu 1640 bis 1773 do Meeschter waren. Am Schëld ass, op bloem Feld, eng sëlwer Sträif duerch d'Mëtt. Am éischte bloe Feld ass uewen eng sëlwer Dauf déi den Hellege Geescht duerstellt an ënnendrënner, am Gold, en Uelegkielech als Attribut vum Hellege Remigius, Schutzpatréiner vu Simpelveld. Am zweete bloe Feld sinn zwou Jakemuschelen d'Attribute vum hellege Jak vu Meerdere, de Schutzpatréiner vu Bocholtz. Iwwer dem Schëld ass eng gëlle Kroun.

[änneren] Fändel

De Fändel, Blo-Wäis-Blo, de laange Wee no, mat am ieweschte Feld enger wäisser (sëlwer) Dauf an am ënneschten eng Jakemuschel, allebéid op der rietser Säit, gouf de 26. Abrëll 1984 vum Gemengerot ugeholl.

[änneren] Verkéier

Simpelveld ass mat enger zweetrangeger Strooss op zwou Plaze mat der Nationalstrooss 281 verbonnen, iwwer déi se och Verbindunng no ronn 2.200 Meter un d'Autobunn A76 huet, iwwer déi do och d'Europastrooss E314 leeft.

Bis an d'Mëtt vun den 80er Jore war Simpelveld och un d'Eisebunnsnetz ugeschlooss an zwar iwwer déi sougenannte Milliounestreck. Vun un datt déi zougemaach gouf, fiert nach just op engem Deel en Touristenzuch dee mat Damplokomotive gezunn gëtt. Dës Museumsbunn gëtt vun der Zuid-Limburgse Stoomtrein Maatschappij bedriwwen.

[änneren] Persounen a Relatioun mat der Gemeng

[änneren] Um Spaweck



 
Gemengen an der hollännescher Provënz Limburg
NL-LimburgVlag.svg

Beek | Beesel | Bergen | Brunssum | Echt-Susteren | Eijsden-Margraten | Gennep | Gulpen-Wittem | Heerlen | Horst aan de Maas | Kerkrade | Landgraaf | Leudal | Maasgouw | Maastricht | Meerssen | Mook en Middelaar | Nederweert | Nuth | Onderbanken | Peel en Maas | Roerdalen | Roermond | Schinnen | Simpelveld | Sittard-Geleen | Stein | Vaals | Valkenburg aan de Geul | Venlo | Venray | Voerendaal | Weert

Commons: Simpelveld – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen