Simultandolmetschen

Vu Wikipedia

D'Simultandolmetschen ass eng speziell Method vum Dolmetschen.

De Simultandolmetscher kritt den Originaltoun vun engem Riedner iwwer Kopfhörer an eng Kabinn, déi schallisoléiert ass, an hie schwätzt sozesoe "simultan" seng Iwwersetzung an e Mikro.

e puer vun de Simultandolmetsch-Kabinnen am Europäesche Parlament zu Bréissel

Déi éischt Kéier, bei där d'Simultandolmetschen a groussem Ëmfang agesat gouf, war bei de Nürnberger Prozesser.