Sinus Iridum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sinus Iridum (lëtzebuergesch: Reeboubucht; irrtümlech och „Sinus Iridium“) ass eng Ausbuchtung vum Mare Imbrium, enger Déiffläch op der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound.
D'Marebucht läit op 44° 06' Nord an 31° 30' West, südwestlech vun de Montes Jura (Jura-Bierger), deen dësen vum Terra-Terrain südlech vum Mare Frigoris (Mier vun der Keelt) trennt. Den Duerchmiesser vun der Basaltbucht ass 236 km. Agerummt gëtt se un den Enner vun de Montes Jura duerch de Promontorium Heraclides (Kap Heraclides) am Südwesten an duerch de Promontorium Laplace (Kap Laplace) am Nordosten.
D'Benennung staamt vum italieneschen Astronom Giovanni Riccioli (1598–1671) a gouf am Joer 1935 vun der IAU offiziell festgeluecht.
Kuckt och[änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
Um Spaweck[änneren]
- Planetenkunde.de: Sinus Iridum
- SkyTrip.de: Sinus Iridum
- (en) The-moon.wikispaces.com: Sinus Iridum
- Sliced crater lunar photo of the day, 3. Januar 2010
| Maria | Anguis - Australe - Cognitum - Crisium - Fecunditatis - Frigoris - Humboldtianum - Humorum - Imbrium - Ingenii - Insularum - Marginis - Moscoviense - Nectaris - Nubium - Orientale - Serenitatis - Smythii - Spumans - Tranquillitatis - Undarum - Vaporum |
| Oceanus | Procellarum |
| Lacus | Aestatis - Autumni - Bonitatis - Doloris - Excellentiae - Felicitatis - Gaudii - Hiemalis - Lenitatis - Luxuriae - Mortis - Oblivionis - Odii - Perseverantiae - Solitudinis - Somniorum - Spei - Temporis - Timoris - Veris |
| Sinus | Aestuum - Amoris - Asperitatis - Concordiae - Fidei - Honoris - Iridum - Lunicus - Medii - Roris - Successus |
| Paludes | Epidemiarum - Putredinis - Somni |