Sir (Baach)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sir
D'Sir bei Schëtter
Längt 33 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
283 m
Duerchschnëttsdebit m³/s
Fläch vum Baseng 193 km²
Leeft an: Musel
zu Mäertert
Floss - Hydrologie
D'Sir an der Manternacher Fiels tëscht Manternach a Mäertert

D'Sir (fr. Syre) ass eng Baach zu Lëtzebuerg. Si huet hir Quell um Flouer Reichemt am Süde vu Siren op enger Héicht vun 285 m.

Eng ronn 250 Meter duerno leeft déi éischt Niewebaach dran. Déi huet hir Quell um Südrand vum Bësch Weisselt op 305 m. am Norde vun Haasselt a leeft dann duerch eng Griecht den Hirschdellchen an ëm de Kréiebierg éiert se mat der Sir um Fouss vun der Haard zesummeleeft.

E knappse Kilometer duerno, leeft op der Trudlermillen, d'Trudlerbaach vu lénks dran. Do ännert se hir Direktioun déi nërdlech war, no Nordosten.

Se leeft dann duerch oder laanscht d'Uertschaften Mutfert, Éiter, Schraasseg, Schëtter, Mënsbech, Iwwersiren, Menster, Rued-Sir, Ouljen, Betzder, Haastert, Wecker a Manternach, ier se zu Mäertert an d'Musel fléisst.

Op dem Wee dohinner lafen nach en etlech Baachen dran. Zu Konter ass et vu lénks d'Schleederbaach, tëscht Mutfert an Éiter d'Kackeschbaach an zu Schraassseg d'Birelerbaach, allen zwou och vu lénks. Déi éischt riets Niewebaach ass d'Aefelter déi op der Huemeswiss bei Schëtter draleeeft. D'Mënsbech déi vum Bloebierg kënnt leeft vu lénks tëscht Mënsbech an Iwwersiren dran.

Soubal wéi se bei Nidderaanwen ënner der Autobunnsbréck vun der Tréierer Autobunn erduerch ass kritt se vu lénks d'Albaach an d'Bouneschbaach derbäi, an zu Rued-Sir ass et vun derselwechter Säit d'Kuelesbaach. Zu Ouljen kritt se Gesellschaft vun der Roudemerbaach geleescht, och vu lénks, éier eng ronn 800 Meter duerno vu riets d´Kaatzbech  draleeft.
Am Intesak tëscht Ouljen a Betzder kënnt d'Buusbaach vu lénks derbäi a 700 Meter duerno d'Beirenerbaach och vu lénks, grad esou wéi zu Haastert d'Flëpsbaach, zu Wecker d'Biwerbaach a kuerz viru Manternach d'Mirelbaach.

Zu Manternach an der Uertschaft kënnt vu riets d'Faulbich derbäi an op der Stéckemillen vu lénks d'Wuelbertsbaach. Op de leschte 1.500 Meter tëscht der Fausermillen a Mäertert kommen dann nach vu lénks d'Schlammbaach an d'Foolgruet derbäi.

[änneren] Kuckt och

Commons: Sir – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen