Sirop de Liège

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Sirop de Liège-Schmier

De Sirop de Liège ass en typescht Produkt aus der Lécker Géigend an aus der Äifel.

D'Ursaach vun der Sirop de Liègeproduktioun geet dorop zréck, datt et sou d'Uebstziichter d'Méiglechkeet haten, fir hiren Iwwerschoss ze verwäerten, mat engem Produkt, dat sech gutt an einfach versuerge gelooss huet an dat een och nach konnt verkafen.

Dofir stinn och haut nach sou Sirop de Liègefabriken haaptsächlech an der Géigend vun Herve an am Haspengau op der Grenz zu der belscher Provënz Limburg um Rand vun deene groussen Uebstplantagen. Déi bekanntst sinn d'Siroperie Meurens vun Herve, déi schonn zanter 1902 Daggi industriell hierstellt, bekannt ënner dem Numm Sirop de Liège, an d'Siroperie artisanale vun Aubel.

De Sirop de Liège gëtt haaptsächlech vun Äppel a Bire gemaach, gewéinlech an de Proportioune 6:4. Ausname si pur Äppel oder pur Biren aus deem Grond wëll wann se pur verkacht ginn, si entweder net séier genuch oder ze séier andécksen. E puer Fabrikanten aus Flandern setzen och nach an engem klenge Verhältnes Zockerrommele mat bäi, anerer maachen och Dattelen dobäi.

De Sirop de Liège kann op d'Schmier geschiert ginn, awer e gëtt och an der Kiche bei ville regionale Rezepter verschafft. Haut gëtt et en an ville Varianten, vum ganz séisse bis liicht batteren, an och vermëscht mat aneren Uebstzorten wéi d'Äerdbier z. B.

Eng méi flësseg Variant gëtt gären zesumme mat deem bekannten Fromage de Herve giess.