Sisyphos

Vu Wikipedia

De Sisyphos (oder Sisyphus) ass der So no de Jong vum thessalonesche Kinnek Aiolos a vun der Enarete, Erbauer an éischte Kinnek vu Korinth. Hien huet d'Merope bestuet a war de Papp vum Glaukos a Grousspapp vum Bellerophon.

Sisyphos & Persephone

De Sisyphos huet sech ëfters mat de Gëtter ugeluecht. Nieft anere Spiichten ass et him z. B. gelongen den Thanatos a seng Gewalt ze bréngen sou dat keen op der Äerd méi stierwe konnt, bis den Ares den Doud befreit huet. Am Zesummenhang mat sengem eegenen Doud huet hie senger Fra verbueden e bäizesetzen fir datt en den Hades konnt froen zeréckzekommen a seng Fra fir dat schwéiert Vergoen zur Ried ze stellen (dat alles just fir dem Doud z'entkommen).

Wéi en dunn awer am héijen Alter trotzdeem gestuerwen ass huet hien am Hades fir säin infame Liewenswandel eng schwéier Strof kritt: hien huet misse bis an all Éiwegkeet e riisege Fiels e Bierg erop drécken dee virum Zil duerch säi Gewiicht ëmmer erëm erofgerullt ass. Dohier kënnt och de Begrëff Sisyphusaarbecht fir eng Aarbecht déi vill Méi kascht an net vun Erfolleg belount gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

De Sisyphosmythos ass och an d'Literatur agaangen, virun allem duerch d'Drame vum Aischylos, Euripides an dem Sophokles. Den Albert Camus huet säi philsopheschen Essai iwwer den Ënnerscheed tëscht Hoffnung a Wierklechkeet, deen net z'iwwerbrécken ass, "Le Mythe de Sisyphe" genannt.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sisyphus – Biller, Videoen oder Audiodateien