Sitcom

Vu Wikipedia

Eng Sitcom (Ofkierzung vu Situation comedy) ass e Comédies-Genre, dee sech iwwer méi Episoden erstreckt, déi gewéinlech op der selwechter, alldeeglecher Plaz spillen (eng Stuff, eng Aarbechtsplaz, ...) an an deenen e puer Haaptpersonnagen (Famill, Frënn, Aarbechtskolleegen, ...) den haarde Kär duerstellen. Den Humor besteet aus Witzen, déi an den Dialogen agebaut sinn. Heiansdo gi Sitcome virun engem Publikum opgeholl, oder et gëtt Laache vum Band agespillt. Déi éischt Sitcome sinn am Radio opgefouert ginn; hautdesdaags gëtt et se bal nëmme méi op der Televisioun.

Sitcom zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Radiosemissioun "Um Staminet" vum Pir Kremer kéint een no der Definitioun uewendriwwer als déi éischt Sitcom zu Lëtzebuerg ugesinn.

2010 huet RTL Télé Lëtzebuerg (mat Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong) en Appel à propositions gemaach, Konzepter vu Sitcomen oder Soapen anzereechen, déi se produzéiere wéilten. 7 Produktiounssocietéiten hunn doropshin am Ganzen 10 Projeten agereecht.[1] Dovu goufen der 3 preselektionéiert vum Jury, an deem 2 Vertrieder vum Filmfong an 2 Vertrieder vun RTL waren. Gewonnen hunn ex aequo de Projet Weemseesdet vun Deal Productions (Désirée Nosbusch an Alexandra Hoesdorff-Rosen) a Comeback, vu Lucil Film (Bernard Michaux).[2]

Weemseesdet ass op Lëtzebuergesch, mat 24 Episoden à knapps 30 Minutten, déi am Hierscht-Wanter 2011-12 op RTL Télé Lëtzebuerg gewise goufen. Comeback ass vum 28. September 2012 bis den 22. Mäerz 2013, och a 24 Episoden, all Woch um selwechte Sender gelaf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "10 Luxemburgische Sitcom/Soap-Konzepte." filmreakter.lu; Communiqué vum Fonds national de soutien à la production audiovisuelle; 22. Dezember 2010.
  2. "Lëtzebuerger Sitcom: 'Weemseesdet' 2011 a 'Comeback' 2012." rtl.lu, 10.02.2011, 16:35 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.02.2011, 15:40