Siwwenzéng Provënzen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Siwwenzéng Provënzen ass e Begrëff, mat deem déi Habsburgesch Nidderlanden tëscht 1543 an 1581 genannt ginn.
Wéi de Keeser Karel V. 1543 d'Herzogtum Geldern a säi Besëtz integréiert hat, bestoung e méi oder manner zesummenhängenden Territoire vu senge Grofschaften an Herzogtümer do an der Géigend. Just d'Prënzbistum Léck, tëscht dem Herzogtum Brabant an dem Herzogtum Lëtzebuerg, war eng gréisser Exklav.
- 1. Grofschaft Artois
- 2. Grofschaft Flandern
- 3. Lille, Douais an Orchies
- 4. Herrschaft Mechelen
- 5. Grofschaft Namur
- 6. Grofschaft Hainaut
- 7. Grofschaft Zeeland
- 8. Grofschaft Holland
- 9. Herzogtum Brabant mat der Markgrofschaft Antwerpen
- 10. Herzogtum Limburg mam Pays d'Outre-Meuse
- 11. Herzogtum Lëtzebuerg
- 12. Herrschaft Friesland (zënter 1515)
- 13. Tournai an Ëmgéigend (zënter 1521)
- 14. Herrschaft Utrecht (zënter 1528)
- 15. Herrschaft Overijssel, mat ë. a.Drenthe, Lingen, Wedde an dem Westwoldingerland (zënter 1528)
- 16. Herrschaft Groningen (zënter 1536)
- 17. Herzogtum Geldern an d'Grofschaft Zutphen (zënter 1543)
Och wann d'Zuel 17 net ëmmer wuertwiertlech ze huele war, sou hat de Begrëff "Siwwenzéng Provënzen" sech och doduerch gefestegt, datt et zu engem bestëmmte Moment 17 Representante bei de Generalstaate vun den Nidderlanden zu Bréissel gouf.
Wopen [änneren]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Seventeen Provinces – Biller, Videoen oder Audiodateien |