Sixten Ehrling

Vu Wikipedia
Sixten Ehrling
Gebuer 3. Abrëll 1918
Gestuerwen 13. Februar 2005
New York
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Dirigent, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Pianist

De Sixten Ehrling, gebuer den 03. Abrëll 1918 zu Malmö a Schweden a gestuerwen den 13. Februar 2005 zu New York City) war e schweedeschen Dirigent.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Pianostudium zu Stockholm léiert den Ehrling fir d'éischt zu Paräis beim Albert Wolff en Orchester ze dirigéieren, duerno zu London a beim Karl Böhm zu Dresden. Duerno war hien (1953-1960) musekaleschen Direkter un der Kinneklecher Oper zu Stockholm,(1963-1973) als Nofollger vum Paul Paray Chefdirigent vum Detroit Symphony Orchestra an 1974 Chefdirigent vum Sinfonieorchester vun der Stad Göteborg. Hien huet vun (1973 - 1987) Course gehalen zu New York un der Juilliart School an dertëscht un der Met dirigéiert.

Kreatiounen[änneren | Quelltext änneren]

CD-Tipp[änneren | Quelltext änneren]

  • Bei der schweedescher Firma BIS koumen 1996 dem Franz Berwald seng 4 Sinfonien op engem Duebel-CD eraus. De Sixten Ehrling dirigéiert de Malmö Symfoni Orkester an de Solist ass de Christian Davidsson um Fagott. (Berwald - The Four Symphonies: BIS-CD-795/96)