Sizilien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel vu Sizilien
Satellitenbild vu Sizilien an der Stross vu Messina

Sizilien (ital. Sicilia) ass eng Insel am Mëttelmier a stellt e Territoire duer, deen zu Italien gehéiert.

Inhaltsverzeechnes

Geographesch Konstellatioun a Bevëlkerung[änneren]

Sizilien huet eng Uewerfläch vu 25.709 km² an zielt 5,1 Mio. Awunner. Nodeem griichech Siidler vu 750 v. Christus der Insel hire Cachet opgedréckt haten, koum Sizilien sukzessiv während begrenzten Zäiten ënnert d'Herrschaft vun de Réimer, de Goten, de Byzantiner, den Araber, den Normannen, de Bourbonen an de Spuenier. Eréischt 1860 ass Sizilien duerch de Garibaldi an italienesch Hand komm.

D'Haaptstad vu Sizilien ass Palermo. Aner grouss Stied a Sizilien sinn:

All dës Stied an doriwwer raus, och Taormina, si vum Tourismus staark opgesicht.

Un der nërdlecher Spëtz vu Sizilien läit Messina. Dës Spëtz ass vum kontinentalen Italien , méi genee vu Calabrien, duerch eng schmuel Mieresstrooss , d'Strooss vu Messina, getrennt.

Politesch Ënnerglidderung[änneren]

Politesch gesinn, gliddert Sizilien sech an néng Provënzen: Agrigent, Caltanissetta, Caltanissetta, Enna, Provënz Messina, Enna, Enna, Syracus an Trapani.

Vulkaner[änneren]

Deen héchste Bierg op Sizilien ass den Ätna mat 3.323 Meter, dee gréissten an aktivste Vulkan an Europa. De Stromboli, deen zweeten aktive Vulkan, steet op der Insel mam selwechten Numm nërdlech vu Messina.

Bevëlkerung[änneren]

D'Leit op Sizilien schwätzen eng sizilianiesch Variant vum Italieneschen. Déi grouss Majoritéit si Katholiken. Ongeféier eng Millioun Sizilianer liewen am Ausland.

Um Spaweck[änneren]


Flag of Italy.svg

Italienesch Regiounen

Flag of Italy.svg
Flag of Abruzzo.svg Abruzzen Flag of Basilicata.svg Basilicata Flag of Calabria.svg Kalabrien Flag of Campania.svg Kampanien Regione-Emilia-Romagna-Stemma.png Emilia-Romagna
30px Friul-Julesch-Venetien* Flag of Lazio.svg Latium Flag of Liguria.svg Ligurien Flag of Lombardy.svg Lombardei Flag of Marche.svg Marken
Flag of Molise.svg Molise Flag of Umbria.svg Umbrien Flag of Piedmont.svg Piemont Fändel Regioun Apulien 1.gif Apulien Flag of the Italian region Sardinia.svg Sardinien*
Flag of Sicily.svg Sizilien* Flag of Tuscany.svg Toskana Trentino-Alto Adige-Bandiera-30.png Trentino-Südtiroul* Flag of Valle d'Aosta.svg Aostadall* 30px Venetien
* Autonom Regiounen


Commons: Sizilien – Biller, Videoen oder Audiodateien